An hirem 1. Film "Un divan à Tunis" leet d'Franco-Tunesierin Manèle Labidi e ganzt Land op den Therapeute-Canapé.

Si schwätzt Problemer un, déi am Maghreb éischter gären ënnert den Dësch gekiert ginn. Dat déi Komedie esou gutt funktionéiert, huet och mat hirer Haaptduerstellerin, dem Golshifteh Farahani ze dinn.

D'Selma, Franco-Tunesierin, huet decidéiert, vu Paräis op Tunis ze plënneren, fir do als Psychanalyst ze schaffen. No Ufanksschwieregkeete gesäit et esou aus, wéi wann hir Praxis endlech géing lafen. Mä da kommen administrativ Schwieregkeeten, mat deenen déi jonk Fra guer net gerechent hat.

© RTL Archiv

„Un divan à Tunis", den 1. Film vum Manèle Labidi, gëtt Abléck an d'postrevolutionäert Tunesien, eng Gesellschaft mat engen etlechen Tabuen an Non-diten. Déi hëlt Regisseurin mat hirer Komedie op d'Schëpp, léisst se bei d'Selma op de Canapé kommen, schwätzt iwwert Homosexualitéit an Alkoholismus, benennt Saache beim Numm, iwwert déi ee léiwer näischt seet a mécht de Geck mat enger Administratioun, déi scho bal kafkaesk Ausmoossen huet. Eng Rëtsch seriö Problemer, déi d'Regisseurin mat enger gudder Portioun Liichtegkeet a vill Humor behandelt.

D'Golshifteh Farahani an der Roll vum Selma ass ëmwerfend. Si dréit de Film, gëtt der Therapeutin deen néidege Charisma a suergt dofir, datt den 1. Film vum Manèle Labidi esou gutt funktionéiert.