Mat nëmmen 2 Filmer ass den Islänner Hlynur Palmason schonn e bekannten Numm op den internationale Festivaller.

Mat „Winter Brothers“ hat hie virun 2 Joer zu Locarno gewonnen a säin neiste Film „A white, white day“ huet d'Jury vun der Semaine de la critique dat lescht Joer zu Cannes iwwerzeegt. Elo kënnt de Film iwwert e Mann, dee Schwieregkeeten huet, iwwert den Doud vu senger Fra ewechzekommen, och bei eis an de Kino.

Den Ingimundur gëtt mam Doud vu senger Fra, déi bei engem Autosaccident ëm d’Liewe komm ass, net eens. E Gefill, wat de fréiere Polizist am léifste verstoppe géif an iwwert dat e scho guer net wëll schwätzen. Léiwer ass hie mat senger Enkelin ënnerwee a mécht, wéinstens no bausse hin, wéi wann alles an der Rei wär. Mä de Verdacht, dat seng Fra hie méiglecherweis hannergaangen huet, frësst en op.

Vun Ufank un daucht den Hlynur Palmason den Zuschauer an eng ganz speziell Atmosphär, weist déi wäit, bal eidel islännesch Landschaften a mattendran e Mann, bal wéi e Monolith, deen all Moment drot z'explodéieren. De Regisseur hëlt sech vill Zäit fir déi Explosioun z'erzielen, seng Kamera ass roueg mat vill Planfixen, déi un d’Personnagen eruzoomen. Et spiert ee schonn, datt den Islänner viru senger Aarbecht als Regisseur Fotographie, Molerei a Skulptur studéiert huet. Hien ass gewinnt, genee ze kucken, a sech am Raum auszedrécken.

D’Roll vum Ingimundur huet hien dem Schauspiller Ingvar Sigurdsson, deen hie scho laang kennt, op de Léif geschriwwen. Den Islänner ass beandrockend. Seng Enkelin am Film gëtt vum Regisseur senger Duechter gespillt. Wat méiglecherweis erkläert, firwat d’Bezéiung tëscht deenen 2 esou iwwerzeegend ass. „A white, white day“ ass e klenge Bijou, fir all déi, déi am Kino no méi wéi séiere Biller an explizitten Emotioune sichen.