Deene meeschte Leit wäert d’Ina Weisse éischter als Schauspillerin wéi als Regisseurin e Begrëff sinn.

Dat dierft sech mat hirem neiste Film "Das Vorspiel" änneren: hei weist d’Ina Weisse, datt si och als Regisseurin hiert Handwierk beherrscht.

Si filmt eng Fra, déi de Perfektionismus op d’Spëtzt dreift. An der Haaptroll d’Nina Hoss.