De Film Realisateur Quentin Tarantino huet eng Rei Filmer gemaach, déi mëttlerweil Kultstatus hunn.

Am Dokumentarfilm "QT8: The First Eight", kuckt d’Realisatrice Tara Wood op déi éischt 21 Joer aus dem Quentin Tarantino senger Karriär zréck.

Vum bluddegen a revolutionären "Reservoir Dogs" bis hin zum "The Hateful Eight", engem Western, dee gréisstendeels e Huis-clos ass, huet de Quentin Tarantino mat sengen 8 éischte Wierker d’Filmgeschicht markéiert.

D’Realisatrice Tara Wood wërft e Bléck op dem exzentresche Realisateur seng Karriär zréck, deen als jonke Kärel an enger Videothéik geschafft huet an e puer Joer duerno mat sengem Film "Pulp Fiction" d’Palme d’Or um Festival vu Cannes vum Clint Eastwood iwwerreecht krut.

"QT8: The First Eight" ass e begeeschterte Bléck hannert d’Kulisse vum Tarantino senge Filmer. Unhand vu villen Interviewen mat sengen treie Kollaborateuren, Produzenten a Schauspiller wéi de Samuel L. Jackson ass QT8 e reegelrechten Hommage un den oscariséierten Zeenarist Tarantino, dee sech ëmmer drop behaapt huet, datt hien net méi wéi 10 Filmer géif maachen, éier hien der Welt vum Kino de Réck géing dréinen.

Dësen 103 Minutte laangen Dokumentarfilm wëll sech absolut a guer net kritesch a versicht och net weider dem Tarantino seng Filmer a säi Succès z’analyséieren. E kuckt sech éischter wéi en ënnerhalenden Making of, deen awer och net derlaanscht kënnt, dem Tarantino seng laangjäreg Relatioun mam Hollywood-Produzent Harvey Weinstein, dee wéinst Vergewaltegung a sexuellem Mëssbrauch zu 23 Joer Prisong verurteelt gouf, a Fro ze stellen, ma och hei, ouni wierklech dem Sujet op de Fong ze goen.

"QT8" verpasst et awer net, drop opmierksam ze maachen, datt "Jackie Brown", dem Trantino säin 3. Film a gréisste finanziellen a kritesche Flopp, mat der Zäit sécherlech ee vu senge beschte Filmer bliwwen ass, a beweist domadder, datt dem Tarantino seng Wierker iwwert hir Zäit erausginn.