Dn Animatiounsfilm vum Xavier Giacometti an Toby Genkel baséiert op enger Schwäizer Bande Dessinée.

Yakari ass de Numm vun enger Schwäizer Bande Dessinée, déi 1969 fir d’éischt publizéiert gouf. Mëttlerweil ginn et iwwert 40 verschidde Geschichten, déi sech ëm de jonke Sioux Indianer dréien. No enger erfollegräicher Televisiounsserie ass de Yakari och op der grousser Leinwand an de Kinoen uechter d’Land ze gesinn.

De Yakari ass e jonke Sioux-Indianer, dee mat den Déiere schwätze kann nodeems hie vun engem grousse mysteschen Adler fir seng Mëtschgiewegkeet belount gëtt.

Dës besonnesch Begabung wäert dem Yakari hëllefen dem séiersten an onbezämbare Mustang mam Numm Petit Tonnerre méi no ze kommen. Zesummen maachen déi 2 nei Kolleege sech op d’Sich nom Yakari sengem Stamm an eng ganz Rei nei Aventuren erliewen.

Yakari erzielt eng ganz klassesch Informatiounsrees vun engem Bouf, deen d’Welt an d’Schéinheet vun der Natur entdeckt. De charismatesche Yakari bléit an dëser Kinosadaptioun op der grousser Leinwand esou richteg op.

Dës franséisch-däitsch Ko-Produktioun ass der originaler Comicbuch Virlag an hirer epuréierter an almoudescher Ästheetik immens trei bliwwen.  Zweedimensional Dekore ginn der Geschicht vun dësem fundamental guttmiddegen Held, deen an 3D animéiert ass, eng ganz simpel ma ëmsou méi charmant Atmosphär.

"Yakari - Une Grande Aventure" adresséiert sech haaptsächlech un déi nächst Generatioun vu Kinosgänger, engem jonke Publikum vu 6 Joer un, dee mat Yakari den Zauber vum Kino kann entdecken.