"Adieu les Cons" Vum Albert Dupontel ass sécherlech di beschte Komedie, déi fir de Moment an onse Kinoen ze gesinn ass.

De fréieren Acteur Albert Dupontel, huet sech an de leschten 10 Joer zu engem vun deenen originellsten Realisateure vu Comedien a Frankräich entwéckelt. Mat sengen 5 Césaren fir "Neuf mois Ferme" an "Au Revoir Là-Haut" huet en net nëmmen artistesch iwwerzeegt; hie war och extrem erfollegräich am Box office. Dëst ass och erëm de Fall fir säin neiste Film "Adieu les Cons".

Di stierweskrank Coiffeuse, stéisst zoufälleg op en depriméierten Informatiker, dee säi Suicide ratéiert huet, awer iertemlecherweis als Kriminelle vun der Police verfollegt gëtt. Zesumme versiche se, mat Hëllef vun engem blannen Archivist, der Coiffeuse hire Bouf erëmzefannen.

"Adieu les Cons" kann een als eng burlesque Tragicomedie bezeechnen, an där de Realisateur eng ganz Rei gesellschaftlech Mësselen, wéi dat bürokratiséiert Gesondheetswiesen, eng paranoid Polizei oder och ons digital Hyperconnectivitéit op d'Schëpp hëlt. Ouni de Rhythmus ze verléieren, an tëschent e sëllege burlesquen Zeenen, bréngt di sophistiquéiert  Mise en  scène et fäerdeg, dass ee sech wierklech un di deels extravagant Personnagen attachéiert. Méi wéi a senge viregte Filmen, bréngt de Realisateur och eng méi emotional, mat Momenter souguer romantesch Nout a säi Film, ouni awer an de Kitsch ze verfalen.

"Adieu les Cons" ass sécherlech di beschte Komedie déi fir de Moment an onse Kinoen ze gesinn ass.