De franséischen Acteur Nicolas Maury ass duerch déi international erfollegräich Televisiounsserie « Dix pour cent » den Duerchbroch gelongen. De Maury dee virdrun éischter op der Theaterbün Doheem war huet elo mat « Garçon Chiffon » säi Debut hannert der Kamera ginn.

De Jérémie huet méi wéi 30 Joer, ass Schauspiller, deen nach ëmmer op säin Duerchbroch waart, a virun allem ass hie jalous bis an déi déck Zéif. Eng Jalousie, déi him et onméiglech mécht seng intim Relatioun mat sengem Frënd ze genéissen. Vu senger eegener Paranoia geplot, entscheet hie sech Paräis fir eng Zäit ze verloossen a sech bei senger Mamm a sengem Gebuertshaus am Limousin ze ressourcéieren.

Am "Garçon Chiffon" dréit alles sech ëm de Nicolas Maury. De Schauspiller, deen hei säin éischte Film geschriwwen a selwer realiséiert huet, spillt och d’Haaptroll an dëser staark autobiographescher Tragi-Komedie an där de Protagonist konstant vu sengen Emotiounen dépasséiert ass a sengem Ëmfeld domat fatzeg op d’Strëmp geet.

Di dramatesch Enjeuen, déi dem Jérémie seng Geschicht diktéieren, sinn nawell repetitiv an dat spigelt sech och op Dauer am Film zeréck, deen engem dach immens laang ka virkommen. Trotz engem Humor a Wuertspiller, déi net ëmmer hir Platz an dësem eklekteschen Debut fannen, ass et virun allem dem Maury seng Léift fir Acteuren, déi hei de groussen Ecran transzendéiert. All d’Interpretatioune vun de Niewerollen, déi vum Nathalie Baye bis zum Laure Calamy an dem Théo Christine gespillt ginn, si vun enger immenser Sensibilitéit an dem Maury seng Kamera zéckt och net, ëmmer nees op hire Gesiichter ze verweilen fir dësen Emotioune fräie Laf ze loossen.