D’Kinoe sinn zënter e Mëttwoch nees op an et sinn eng ganz Rëtsch u neie Filmer ugelaf. Dorënner ass och eng engagéiert brittesch-amerikanesch Co-Produktioun mam Titel "Never Rarely Sometimes Always".

An dësem Drama vum Eliza Hittman mam Sidney Flanigan dréit sech alles ëm d'Thema vun der Ofdreiwung.

D’Autumn huet 17 Joer a lieft an enger klenger Stad am Pennsylvania. Nodeems déi jonk Lycéesschülerin erausfënnt, datt hatt e Kand erwaart, wëll d’Autumn mat alle Mëttel ofdreiwen. Zesumme mat senger Cousine fuere si op New York ouni iergendengem Bescheed ze ginn, fir déi néideg medezinesch Hëllef ze kréien.

"Never Rarely Sometimes Always" ass en neo-realisteschen a poetesche Film zugläich, iwwert en Thema, dat an eiser Gesellschaft nach ëmmer deels tabu ass. Dësen extrem subtillen Drama iwwert d’Jugend an d’Fräiheet, iwwert säin eegene Kierper ze entscheeden, weist wéi 2 jonk Fraen, ouni et ze wëllen, fir hir Rechter kämpfen a leide mussen. D’Autumn ass ëmmer nees mam ofwäertendem Bléck vun der Gesellschaft konfrontéiert a souguer déi Léit, déi him gutt gesënnt sinn, ginn duerch administrativ Verflichtung dozou gezwongen, déi jonk Fra ëmmer nees un de Pranger ze stellen ouni seng Intimitéit a Privatsphär ze respektéieren.

Déi 2 Haaptactrice Sydney Flanigan an Talia Ryder sinn onwarscheinlech natierlech an authentesch an engem eminent wichtegen Drama, dee vun der éischter bis zur leschter Minutt total vu senger Zeenaristin a Realisatrice Eliza Hittman maitriséiert ass.