No Filmer wéi “The House of Sand and Fog” an “The Life Before Her Eyes” huet den amerikanesch-ukrainesche Regisseur Vadim Perelman mat “Persian Lessons” en Drama iwwert den 2te Weltkrich realiséiert dee momentan zu Dikrech am Ciné Scala ze gesinn ass. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

1942 gëtt de Gilles vun de Nazien ugehalen an deportéiert. Den Doud vrun de Aen geléngt et him d’Zaldoten z’iwwerzeegen datt hie net Judd ma Perser ass. Eng Ligen déi him wäert d’Liewe retten well de Chef vum Lager an deem hie gefaangen ass onbedéngt well Farsi leieren.

De Gilles muss deemno Daagsiwwer eng Sprooch erfannen fir se Owes dem Nazioffizéier bäizebréngen ouni datt d’Wouerecht derbäi erauskënnt.

“Persian Lessons” ass e Krichsfilm Film mat engem international Casting deen sech op franséisch an op däitsch ofspillt. D’Prämisse vu “Persian Lessons” déi dach mat den Hoer erbäigezunn ass ass op der Kuerzgeschicht „Erfindung einer Sprache“ vum Wolfgang Kohlhaase baséiert. De Schauspiller Nahuel Pérez Biscayart an Lars Eidinger geléngt et trotz enger Geschicht déi net plausibel ass dësem Krichsfilm eng emotional Déift ze ginn. De Realisateur Vadim Perelman reduzéiert säin 127 Minutte laange Film awer net exklusiv op d’Relatioun tëschent engem Judd dee fir säi Liewe kämpft an engem Obersturmführer, ma versicht och en Abléck an de grotesken a grausamen Alldag vun engem Konzentratiounslager ze ginn. Dës artifiziell Visioun a seng extrem styliséiert visuell Approche schreift sech awer an d’Rei vun villen Hollywood Krichsfilmer an déi net iwwert eng stereotypéiert Duerstellung vum Horror vum Holocaust an de Naziverbriechen erausginn.