An onse Nopeschlänner sinn d'Kinoe nach ëmmer zou, an dat féiert dozou, datt net sou vill Filmer wéi gewinnt hei am Land erauskommen.

D'Wiel vu Filmer, déi um groussen Ecran lafen, ass deemno net esou breetgefächert wéi virun der sanitärer Kris, dofir feelt et awer net u Qualitéit. De Loïc Tanson huet sech fir de Film vun der Woch eng brittesch Produktioun mam Titel "Summerland" erausgesicht.

D'Alice ass eng Schrëftstellerin, déi Kanner net verdréit. Matten am Zweete Weltkrich wunnt si eleng an hirem isoléiertem Haus um Fiels mat Vue op d'Mier, wou d'Alice de léiwe laangen Dag un hire Recherchë schafft, bis et enges Daags un hirer Dir schellt.

Ufanks, well d'Alice de Bouf, dee vu London evakuéiert gouf, nees sou séier wéi méiglech lass ginn, ma de klenge Borscht wiisst hir ëmmer méi un d'Häerz.

Op Fong vun engem wonnerbaren Dekor, dee vun de wäisse Fielse vun de The Seven Sisters Cliffs un der brittescher Küst dominéiert gëtt, spillt dëse verdreemten Drama sech an enger idyllescher Welt of. An Oppositioun zu dëser dach ganz romantescher Visioun stellt d'Theaterschrëftstellerin Jessica Swale, déi hei hiren éischte Film realiséiert huet, awer existenziell Theme wéi zum Beispill de Verloscht vu Matmënschen, déi si op ganz sensibel Manéier aféiert a behandelt. "Summerland" ass manner e Krichsdrama wéi e perséinlechen a ganz nostalgesche Film iwwert d'Iwwerkomme vu scheinbar oniwwerbréckbaren Hindernisser.

Dem Jessica Swale hiren éischte Film ass wuel kitscheg - verstoppt dat och net - ma seng exzellent geschriwwen an interprétéiert Dialogen hiewen dësen Drama awer kloer ervir, genee wéi d'Gemma Arterton an der Haaptroll vun enger Fra, déi ëmmer op der Sich ass nom Urspronk vun de Geschichten, de Mythologien an de Legenden. "Summerland" ass awer virun allem en Drama mat engem fundamental gudden a groussen Häerz.