4 Nominatioune fir de renomméierte franséische Filmpräis "Césars" an eng Nominatioun fir e "Golden Globe", déi an der Nuecht op e Méindeg zu Hollywood iwwerreecht ginn.

Dat ass de rezente Palmarès vun der Lëtzebuerger Co-Produktioun mam Titel "Deux", déi duerch d'Aktualitéit bedéngt, knapp ee Joer no hirer initialer Sortie, nees an de Kinoen ze gesinn ass.

Zwou Fraen, déi anenee verléift sinn a vis-à-vis an zwee getrennten Appartementer zu Paräis liewen, decidéieren op Roum ze plënneren, fir de Rescht vun hirem Liewen hir Relatioun a Rou auszeliewen. Mee d'Mado bréngt et nees eng Kéier net fäerdeg, hiren "Coming out" ze maachen, an hiren erwuessene Kanner d'Wourecht ze soen. Dës jorelaang Ligen an en trageschen Accident riskéieren zu enger definitiver Trennung tëschent den zwou Fraen ze féieren.

Am Beschten reusséiert dem Realisateur d'Beschreiwung vun der Intimitéit an der Vertrautheet vun dëser eelerer Koppel, eng Bezéiung, wéi mer se bis elo seelen am Kino gesinn hunn. Dozou droen och déi bekannt däitsch Schauspillerin Barbara Sukowa a besonnesch d'Martine Chevallier vun der Comédie française bäi, déi mat vill Gefill dës beréierend Relatioun eriwwer bréngen. Niewend hinne wierken dann och déi aner Personnagen eng Grëtz manner nuancéiert. Duerch si kënnt awer ëmmer méi Spannung op an et schläiche sech deemno matrappend Thriller-Elementer an de Film.

"Deux" ass en ënnerhalenden an emotionalen Drama, ee vun de stäerkste Filmer, dee momentan an de Kinoe leeft.