Am Thriller “The Secrets We Keep” gëtt eng Fra gezwongen, sech mat engem Trauma aus der Vergaangenheet frontal auserneen ze setzen.

Nom 2. Weltkrich versicht d'Maja hiert Liewe an Amerika mat hirem Mann nees frësch opzebauen. Si huet hirem Liewenspartner hir Vergaangenheet verheemlecht, aus Angscht nees verfollegt ze ginn. Am rouege Viruert vun New York treffe si op den Thomas, dee beim Maja grausam Erënnerungen héich komme léisst, en Albdram, dee si mat aller Kraaft versicht hat, ze vergiessen. Iwwerzeegt dovunner datt den Thomas e fréiere Nazi ass, dee si vergewaltegt huet, an hir Schwëster ëmbruecht huet, kidnappt si hien, fir hir Revanche ze huelen.

Et ass an den Ausernanersetzungen tëschent dem Thomas an dem Maja déi vum Joel Kinnaman an dem Noomi Rapace gespillt ginn, wou dësen Thriller seng intensiivst Momenter zum Virschäin kommen. Eng spannend Atmosphär kënnt awer net wierklech iwwert déi 107 Minutte vum Film op, an dat leit virun allem dorunner, datt d’Intrig an hir Rebondissementer deels ze vill previsibel, deels net kredibel sinn. Et kënnt wuel en Hauch vun engem Hitchcock-Film op. Un d’Subtilitéit an d’Ambitioun vum “Master of Suspens” kënnt de Realisateur Yuval Adler awer net erun. Den Adler versicht wuel hei an de Labyrinth vun engem traumateschen Erliefnes anzedauchen an zugläich e spannenden Thriller ze konzipéieren. Dëst Ënnerhuelen leit awer ënnert ze vill plakativen Dialogen, oninspiréiert Flashbacks an enger ambivalent Moral vun der Geschicht, déi schlussendlech, aus de “The Secrets We Keep” en dach schwéierfällegen Thriller maachen.