E Kuerzfilm vun 30 Minutte mam Titel "The Human Voice". De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

De Pedro Almodóvar ass e spuenesche Filmrealisateur, dee fir seng Filmer wéi "Habla con ella" oder "Todo sobre mi Madre” en Oscar an de Präis vum beschte Realisateur um Festival vu Cannes gewonnen huet. Dës Woch leeft dem renomméierte Regisseur säin éischte Film op englescher Sprooch an de Kinoen un.

Eng Fra ass um Telefon mat hirem fréiere Partner, dee se verlooss huet. Nieft hir waart en ongedëllegen Hond, dee genee sou mann versteet, wat him geschitt wéi d’Fra selwer.

Den Ausgangspunkt vun dësem extrem reusséierten Exercice de style ass en Theaterstéck vum Jean Cocteau mam Titel "La Voix Humaine". Ënnert der Regie vum Pedro Almodóvar, dee sech fräi vum Cocteau sengem Text inspiréiert huet, ass dëse Kuerzfilm eng Synthees vum Almodóvar sengem Kino. Den 71 Joer alen Almodóvar zéckt och net, sech a seng Filmographie an dësem Kuerzfilm selwer ze zitéieren. Kontrasträich Faarwen, epuréiert Dekoren, eng hypnotesch Musek an e fundamental komplexen a staarke Fraepersonnage vermësche sech hei op virtuos Manéier mat melodramateschen Elementer. D’Actrice Tilda Swinton transzendéiert den Text mat hirer onheemlecher Palette un Emotiounen an dësem puere Kinosmoment, deen no knapp 30 Minutte leider schonn eriwwer ass.