"Hytte" ass den éischte Long-Métrage vum Lëtzebuerger Realisateur Jean-Louis Schuller. De Film, deen Ufanks als Documentaire geduecht war, huet sech awer schlussendlech zur Fiktioun entwéckelt.

An enger typescher "Midlife Crisis" léisst de Luc Fra a Kand sëtzen, an ass elo am héije Norden zu Spitzbergen.  E Lëtzebuerger Saufkumpan, -- jo et ginn anscheinend nach méi Lëtzebuerger zu Spitzbergen, oder gëtt et dee just am Luc senger Imaginatioun?--, dee schwäermt him op alle Fall vun enger Cabane an der Äiswüst, di ideal Plaz  fir erëm zu sech selwer ze fannen. Wann de Luc net just an d'Landschaft era bierelt, loossen sech di primär Instinkter am beschten an der rauer Männerwelt ausliewen, wou een de Kolleegen kann d'Hesperkutsch virsangen a hinnen seng Jicke weisen.

An dësem onräife machisteschen Ëmfeld, trëfft de Luc géint all Erwaardung op eng weiblech Partnerin, déi hien a sengen  Expeditioune begleet. Si ass leider och e wéineg developpéierten, ondefinéierte Personnage, dee weder e Géigepol zu der primitiver Männerwelt ass, nach dem Film eng Orientatioun gëtt.

Souwuel d'Handlung , wann ee vu  esou eppes schwätze kann, wéi Personnagen, dréinen am Krees, kee weess wouhin, genau wéi de Film. An och de Spectateur bleift op der Streck. Well fir e Personnage deen op der Sich no senger Identitéit ass, am Kino glaubhaft duerzestellen, brauch et  e bëssen méi Déifgang an Imaginatioun. An eng ganz uerdentlech Cinematographie kann net iwwer d'Afalls- an Inhaltlosegkeet vum Film ewech täuschen.