De 25. Abrëll ginn zu LA d'Oscaren iwwerreecht. Lëtzebuerg ass dobäi 3 Mol fir zwou verschidde Koproduktiounen nominéiert. Eng dervun ass den Animatiounsfilm „Wolfwalker" vu Mélusines Productions. Am Kino kann een nieft der Original- an der franséischer Versioun de Film och elo op Lëtzebuergesch kucke goen. D'Christiane Kremer war fir Wollefswandler an de Kino an an de Studio.

Am Irland vum 17. Joerhonnert leiden d'Mënschen ënnert der Herrschaft vun den engleschen Noperen. Dat 11 Joer aalt Robyne wëll sengem Papp, engem Jeeër, hëllefen, d'Wëllef ze verdreiwen a schläicht heemlech an de Bësch, wou et dem Mebh begéint, engem wëllen, klenge Meedchen, dat mat senger Mamm zu de Wollefswandler gehéiert. Et gëtt gesot, si géife sech nuets a Wëllef verwandelen... D'Robyne léiert mam Mebh eng ganz nei, faszinant Welt kennen. Alles ass gutt, bis deem seng Mamm verschwënnt....

De Film vum iresche Realisateur Tomm Moore ass no „Song of the sea" a "Secrets of the Kells" déi 3. Produktioun, bei där ee sech un de Kelten inspiréiert. All Kéier ass d'Lëtzebuerger Produktiounsfirma „Mélusines" dru bedeelegt. Fir de Stephan Roelants, e gudde Frënd vum Moore, ass d'Thematik vu „Wolfwalkers" eng ganz wichteg.

De Realisateur a säin Haaptillustrateur Ross Stewart schaffen an Irland. Zu Lëtzebuerg am Studio 352 zu Conter ginn d'Figure quasi lieweg gemaach a kréie lues a lues hir Formen. A virun allem och hir Faarwen. Um Ufank sinn et Aquarellen, déi dann an de Computer gescannt an agesat ginn.

Dobäi entsti richteg Konschtwierker, déi sech un de Kelten an deels um Jugendstil inspiréieren. Bëscher, an deene kee riichte Stréch ze fannen ass, a Gebaier, déi richtegt kloer a streng Linnen hunn. Eng graphesch Sprooch, déi och de Lëtzebuerger Produzent iwwerrascht huet.

Am Kino leeft och déi Lëtzebuerger Versioun „Wollefswandler", déi an de Linster-Studioe synchroniséiert goufen. Och dat war eng Erausfuerderung – net nëmme fir déi zwou Haaptkannerstëmmen.

An der Kategorie Animatiounsfilm dierft d'Konkurrenz nees grouss sinn. Fir Mélusines ass et iwwregens schonn déi 4. Oscar-Nominatioun. Vläicht déi Kéier déi gutt!