Zejoert huet de Film "Nomadland" vun der Realisatrice Chloe Zhao zu Venedeg um Filmfestival de Gëllene Léiw gewonnen. E puer Méint méi spéit gouf dësen naturalisteschen Drama mat 2 Golden Globes ausgezeechent.

E puer Méint méi spéit gouf dësen naturalisteschen Drama mat 2 Golden Globes ausgezeechent. "Nomadland" ass och fir 6 Oscare nominéiert a leeft momentan an de Kinoen uechter d'Land.

Aus enger Agglomeratioun gëtt eng Geeschterstad. Eng Fabrick huet hir Dieren zougemaach. Mënsche verléieren hir Aarbecht, en Doheem, hir Existenz. D'Fern ass eent vun dësen Aarbechterinnen, déi sech nei erfanne muss. Nom Doud vun hirem Mann stécht si hir Erspuernesser an e Van an zitt duerch Amerika, wou si de Saisonen no déi verschiddensten Aarbechte mécht an op vill Mënschen trefft, déi hiert Schicksal deelen.

D'Fern ass e Nomad an engem Land, wou een ouni Kapital, ouni Haus ouni Sue keen ass. Ma d'Fern well schaffen, si well d'Liewen a vollen Zich genéissen, a si ass net déi eenzeg.

Der Chloe Zhao hire Film "Nomadland" ass e fundamental humanistescht Wierk. Dësen naturalisteschen Drama, dee vum Buch vum Jessica Bruder inspiréiert ass, lieft gréissten Deels duerch seng onprofessionell Schauspiller, Reesender, déi hei hir eegen Experienzen erzielen. "Nomadland" ass keen Dokumentarfilm. Et ass eng Fiktioun, déi eng sozial a mënschlech Realitéit zeréckspigelt an transzendéiert, an déi sech an der Geschicht vum Fern erëmfënnt. Eng Fra gespillt vun der fantastescher Frances McDormand, déi versicht hiren Erënnerungen un hirem Mann trei ze bleiwen an awer an den Dag eran ze liewen, ouni sech vum Drock vun der kapitalistescher Gesellschaft erdrécken ze loossen. "Nomadland" ass en ergräifende Portrait vun onser Zäit a vum sougenannte Land of the Free, Home of the Brave. E sensibele Film, dee de groussen Ecran op ganz perséinlech an intim Manéier verzaubert.