"There is no evil" ass déi drëtt iranesch Filmproduktioun an der Geschicht vun der Berlinale, déi zejoert de gëllene Bier vum beschte Film konnt gewannen.

Am Iran ass d'Doudesstrof nach ëmmer eng sozial a legal Realitéit.

Et si 4 ganz verschidde Geschichten, déi sech hei um Fong vun engem Land ofspillen, wou d’Awunner alleguerte mat engem moraleschen Dilemma konfrontéiert sinn: de Gesetzer a Reegele follegen, ouni se a Fro ze stellen, oder sech wieren, "Nee" soen a fir seng eegen an dem Land seng Fräiheet ze kämpfen.

Vum Zaldot, deen zum Henker soll ginn, zum eelere Familljepapp, dee versicht en normaalt Liewen ze féieren, iwwert eng jonk Fra, déi an Däitschland opgewuess ass a bei hirem iranesche Monni op Besuch ass, an eng Koppel, déi d’Vergaangenheet wëll vergiessen, erzielt "There’s no evil" ergräifend, tragesch an inspiréierend Schicksaler vu Mënschen, déi mat hirem eegene Courage a Gewësse konfrontéiert sinn.

De Realisateur Mohammad Rasoulof reit an dësem 2 Stonnen an 30 Minutte laangem Film 4 engagéiert, deels realistesch, deels poetesch a symbolkräfteg Geschichten uneneen. Wa se Ufanks dach ganz disparat schéngen, ass et an hirer Zomm wou dës verschidde Momentopnamen en onvergläichlecht Gesamtwierk bilden, dat d’Thema vum intellektuelle Courage op onëmgänglech a ganz verschidde Manéieren deklinéiert.

"There is no evil" geet op de Fong vun der mënschlecher Ambivalenz, ouni Karikatur, ouni Clichéen, mä mat enger onwarscheinlecher Sensibilitéit, déi op ganz zréckhalend Aart a Weis no Fräiheet jäizt.

Dësen eminent wichtegen Drama, deen op franséisch "Le Diable n’existe pas" heescht, leeft zënter dëser Woch an de Kinoen uechter d’Land.