“Quo Vadis, Aida? vum Jasmila Zbanic huet dëst Joer um Luxembourg City Film Festival de Präis vum beschte Fiktiounsfilm gewonnen an ass och an der Course em en Oscar an der Kategorie beschten Internationale Film.

Den Drama deen op d’Evenementer zréckkënnt, déi zum Massaker vu Srebrenica gefouert hunn a wou 8.000 Männer kalbliddeg exekutéiert goufen, leeft zënter dëser Woch am offizielle Kinosprogramm. 

Am Juli 1995 muss d’Aida, eng fréier englesch Professesch sech an de Reie vun der Uno als Dolmetscherin asetzen. Si ass iwwerall an der Schutzzon ëm Srebrenica gefrot, wou dausende vun Awunner versichen ënner Daach ze kommen, fir sech virun der serbescher Arméi a Sécherheet ze bréngen. An de fréiere Fabrikshalen ass awer bei Wäitem net genuch Plaz fir jiddereen an ënnert de Leit, déi an der Hëtz virun de Gitter vum Uno-Lager waarden, sinn och dem Aida hir Bouwen an hire Mann.

"Quo Vadis, Aida?"  kënnt op e grausame an onvirstellbare Moment an der europäescher Geschicht zeréck. Et schwieft konstant eng erdréckend Spannung an der Loft, an zwar déi vun engem Massaker, deen net opzehalen ass. Dësen Drama ass déif an der europäescher Geschicht verankert. Der Jasmila Zbanic hire Film erfëllt deemno eng eminent wichteg Missioun, dee vum Erhalen a vum Opschaffe vun der kollektiver Memoire.  "Quo Vadis, Aida?" ass en onwarscheinlech markante Film, deen d’Gewalt undeit, dës awer ni verbildlecht. De Gewënner vum Präis vum beschte Fiktiounsfilm um Luxembourg City Film Festival vun dësem Joer weist, datt viru knapp 26 Joer, matten an Europa, déi mënschlech Grausamkeet keng Grenze kannt huet an déi international Diplomatie hir Limitte kloer opgewisen krut.