Ee vun de Favoritte vun dëser 93. Editioun vun den Oscaren ass eng atypesch düster Komedie mam Titel “Promising Young Woman”.

Et ass der Schauspillerin Emerald Fennell hiren éischte Film hannert der Kamera, en Debut, dee fir 5 gëlle Statue nominéiert gouf.

Hire Regiedebut erzielt d’Geschicht vun enger Fra, déi a jonke Joren eng villverspriechend Zukunft hat, ma dës Perspektive goufe vun engem Dag op deen Aneren an der Loft zerrappt. Fir d’Haaptprotagonistin zielt deemno nëmme nach eppes, an zwar hir Revanche ze huelen.  D'Cassie féiert vun deem Ament un en duebelt Liewen. Daags iwwer schafft si an engem Coffee Shop a Nuets geet si hirer Juegd op Revanche no, an deem si sech vu Männer verféiere léist, fir hinnen d’Angscht vun hirem Liewen anzedreiwen, bis zu deem Dag, wou si op e vermeintleche Mann fir d’Liewen trëfft.

"Promising Young Woman" ass eng düster Komedie, déi de #MeToo-Mouvement op iwwerspëtzte Manéier op déi grouss Leinwand bréngt. Frae ginn hei Ufanks gewollt kariktural als Affer a sexuellen Objet duergestallt, wärend deem d’Männer ouni Gewëssensbëss dovunner profitéieren an onbestrooft dovukommen. Ma dës Tendenz wäert awer séier ëmschloen, an d’Cassie, dat vum formidabele Carey Mulligan gespillt gëtt, ass bereet, sou wéit wéi méiglech ze goen, fir hir Revanche ze huelen. D’Emerald Fennel, déi och d’Dréibuch geschriwwen huet, gräift op eng extrem stiliséiert Ästhetik zeréck, fir op provokativ Manéier d’Realitéit vun der sexueller Belästegung a vum Viol ze thematiséieren.

Wat Ufanks wéi eng zyneschen a genësserlech Komedie ugeet, an der Testosteron gestéierter Welt e Spigel vrun d’Aen hält, verléiert sech awer no a no an enger Réi Revirementer, déi hire gewollten Iwwerraschungseffekt net erreechen an déi op d’Käschte vum Developpement vun de Personnage ginn, déi all an hire jeeweilege Karikaturen agespaart bléiwen.

De Schluss vum Film ass wuel en originellen Happy End, deen awer e battere Nogeschmaach léisst. E wierkt nämlech forcéiert, wéi wann de Spectateur par Force misst op enger erfreelecher Nout aus dem Kinossall erausgoen, an domat verléiert dësen atypesche Film leider och un emotionellem Impakt an un Aussokraaft.