Trotz den 10 Nominatiounen fir d’Oscaren déi de schwaarz-wäisse Film “Mank” konnt a säi Palmarès schreiwen, ass den Hollywood Drama vum David Fincher senger Roll vum Favorit op de legendäre Filmpräis net gerecht ginn.

Um Enn koumen awer leschte Sonndeg 2 gëlle Statue fir déi bescht Dekoren a déi bescht Cinematographie derbäi eraus. Grond genuch, datt de Film säi Wee no enger initialer a limitéierter Kinossortie am November, nees an d'Kinossäll fonnt huet.

De Film "Citizen Kane" vum Orson Welles ass e reegelrecht Monument an der Kinosgeschicht. Mam Biopic "Mank" erzielt de Realisateur vu “Seven” a vu ”Fight Club”, den David Fincher, d’Geschicht vun der Entstehung vum Dréibuch vun dësem Filmklassiker, en Zenario dee vum talentéierten a kontroverséierten Auteur Hermann J. Mankiewicz geschriwwe gouf.

Et dréit sech deemno alles em dat mouvementéiert Liewe vum notoreschen Alkoholiker mam Spëtznumm Mank, dee fir de jonken Orson Welles soll en Dréibuch schreiwen. Dat autoproklaméiert Wonnerkand Welles soll nämlech säin éischte Film dréien. Dréibuch mam Titel « American », beschreift dat exzentresch Liewe vu Mediemogul William Randolph Hearst, a wäert d’Reputatioun vu sengem Auteur dach op d’Prouf stellen.

“Mank” ass e Film deen op der grousser Leinwand esou richteg opbléie kann. Dem Gary Oldman seng fantastesch Interpretatioun vun dësem exzentresche Personnage ass präzis an emouvant, an de Realisateur David Fincher katapultéiert de Spectateur an dëser Netflix-Produktioun matten an en Hollywood vum "Golden Age" an deem Filmer vun den eenzele Studios wéi um Fliissband produzéiert goufen a wou all Studio seng Spezialitéit, säi Genre , a virun allem seng eege Staren ënner Kontrakt hat. An enger prächtege schwaarz-wäisser Ästhetik geléngt et dem Fincher d’Zäit zeréck ze dréien. “Mank” ass wuel e wuertlastëche Biopic, a senge stäerkste Momenter awer virun allem eng Mëschung aus engem genësserleche Portrait vun engem verkannte Genie an enger fermer Kritik un der Integritéit vun der Dramfabrick Hollywood.