Scho virun #MeToo hat déi franséisch Realisatrice Charlène Favier den Zenario vun hirem 1. Spillfilm "Slalom" geschriwwen. Als Héichleeschtungssportlerin an hirer Jugend war si selwer confrontéiert mat sexuellen Abusen am Sport, a konnt deemno op hir eegen Erfarungen zeréckgräifen. De Film war dat lescht Joer op der Lëscht vun der virtueller Selektioun vum Festival vu Cannes. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Dat 15 Joer aalt Lyze ass Deel vun engem Schoul- an Trainingsprogramm fir jonk Schisportler an de franséischen Alpen, deen op héchste Performance ausgeriicht ass. Dem Lyze seng Mamm ass wäit fort, esou dass dat sportlech héich-motivéiert jonk Meedche quasi ouni richteg Bezuchspersoun sech deem haarden Training ënnerwerft. Deemno geréit se ëmmer méi ënnert d'Emprise vun hirem Trainer, gespillt vum Jérémie Renier, dee sech schliisslech un hir vergräift.

Dëst ass vun Ufank u méi oder wéineger virauszegesinn, an d'Realisatrice spillt hei och net mat Spannung oder Vergeltung, a geet enger simplistesch Affer-Täter-Géigeniwwerstellung geschéckt aus dem Wee. Ouni den Trainer ze entschëllegen, weist se op subtil Aart a Weis, wéi des Emprise sech no a no entwéckelt. Dobäi setzt d'Realisatrice ganz vill op Kierperlechkeet a relativ wéineg op Wierder oder verbal Erklärungen. Villes liest sech och eraus aus de Blécker vum Lyze, deem säi Point de vue de Film permanent anhëlt.

"Slalom" berout dann och ganz staark op der schauspillerescher Leeschtung vun der jonker Noée Abita. Et hëlt een zum Schluss och hirem Personnage déi grouss Resilienz of, obschonn an der Realitéit an änleche Situatiounen esou eng staark Resistenz net onbedéngt ëmmer méiglech ass.