Déi lescht Woch goung de Festival vu Cannes op en Enn, mat engem éischter couragéierte Choix vum Jury, presidéiert vum US-Realisateur Spike Lee.

D'Palme d'Or goung e bëssen iwwerraschend un de radikalen a kontroverséierte Genre-Film "Titane" vun der franséischer Realisatrice Julia Ducournau.

"Titane" ass di halluzinant Geschicht vun enger Serie-Killerin, déi duerch en Autosaccident méi wéi traumatiséiert ass, sech als Bouf verkleet, fir der Police ze entwëschen, a versicht, sech adoptéieren ze loossen. Si ass am Ufank Dänzerin op Autossalonen a konfrontéiert mat enger aggressiver an toxesche Männerwelt, op déi se extrem hefteg reagéiert, sou dass den éischten Deel vum Film näischt fir sensibel Gemidder ass. "Titane" ass e radikale feministesche Film, agekleet an de Genre vum Horror a Monsterfilm, mat enger absolut maitriséierter Mise en scène.

Et ass en exaltéierte  Film iwwert de mënschleche Kierper an all senge Formen, sichtlech inspiréiert vum David Cronenberg a besonnesch sengem Film "Crash"; allerdéngs geet e vill méi wäit, wat d'Form an d'Thematiken ubelaangt.

Den zweeten, zimmlech ënnerschiddlechen Deel vum Film konzentréiert sech ëmmer méi op déi klassesch Horror-Thematik vum Monster, dat verzweiwelt op der Sich no Léift a Gebuergenheet ass. Net datt doduerch de Film méi konventionell gëtt; och a sengem Plaidoyer fir d'Akzeptanz vun der kierperlecher Trans-Genre-Mutatioun bleift de Film radikal a provokativ.

Titane ass e Film hors-normes. Et ass och villäicht e Film, deen essentiell feministesch Revendicatioune mat enger gewësser Konfusioun reperkutéiert; et ass op alle Fall e richteg originellt Kinoserliefnis an e Film, deen de Genre Kino op en aneren Niveau hieft.