De Film Jungle Cruise ass genee wei The Pirates of the Carribean vun enger Attraktioun aus den Disney-Fräizäitparken inspiréiert.

D'Haaptrollen an dësem Summer-Blockbuster spillen den Dwayne Johnson an d'Emily Blunt.

D’Lily Houghton ass eng Chercheuse an Entdeckerin, déi matten am éischte Weltkrich London a seng machistesch Wëssenschaftler verléisst, fir sech am Amazonas op d’Sich no engem legendären a verfluchten Heelmëttel ze maachen. Si héiert dofir e rauen an dubiéise Kapitän un, e Gauner mat engem ganz schlechte Sënn fir Humor, deem si net iwwert de Wee traue kann.

JUNGLE CRUISE ass e Rezept-Film, genee wéi bei "Malen nach Zahlen" gëtt hei versicht, de Genre vum Adventure-Film nees opliewen ze loossen. An dat geléngt dann och iwwerraschend gutt. Déi ganz Welt an där sech dës Mëschung aus engem "Indiana Jones" an "The Pirates of The Carribean" ofspillt ass wuel total artifiziell, trotzdeem alternéiere sech hei Action an Humor op gutt rhythméiert Manéier. D’Emily Blunt ass erfrëschend an der Haaptroll an inkarnéiert eng aventuréis Wëssenschaftlerin déi aus all mësslecher Situatioun kann a wäert erauskommen. Hieren Duo mam Dwayne Johnson mécht aus dësem Blockbuster genësserlechen Entertainment, deen zwar ni u seng Referenze wäert erukommen, ma deen awer souwuel déi Kleng fir déi grouss Zuschauer kann op verspillte Manéier ënnerhalen.