Zënter de 1970er Joren, wou de Woody Allen ugefaangen huet Filmer ze maachen,(déi mi Eeler, erënnere sech un "Manhattan" oder "Annie Hall") ass all Joer ouni Ausnam en neie Film vun him erauskomm. Dorun konnt och Corona näischt änneren, an esou ass elo säi lescht Wierk RIFKIN'S FESTIVAL bei ons um groussen Ecran ze gesinn.

Nodeems en an de leschte Joren Stied wéi New York ,Roum, Paräis a Barcelona an Zeen gesat hat, zitt et de Woody Allen dës Kéier op de Filmfestival vu San Sebastian. Säin Haaptpersonnage Mort Rifkin, e fréiere Filmdozent a Kritiker, begleet méi oder wéineger fräiwëlleg, seng vill méi jonk Fra, gespillt vum Gina Gershon, déi als "Public Relations" Agentin, hire Schützling, e jonke franséische Filmrealisateur, um Festival assistéiert. Dem Mort säi Bestietnis kränkelt säit laangem an en huet schnell de Verdacht, dass seng Fra friem geet, mat dësem charmanten a liicht vu sech agehollenen Auteur, dee vum Louis Garrel gespillt gëtt. An en huet wuel Recht.
Jalousie, an existenziell Suergen iwwert den Alter an den Doud beschäftegen de Mort dann esou, dass eng kleng Péng an der Broscht en a Panik versetzt. Prompt verkuckt de Mort sech an di jonk Doktesch, déi och an enger gestéierter Relatioun mat engem cholereschen Artist stécht.

De Mort Rifkin, gespillt vum Wallace Shawn, ass eendeiteg dem Woody Allen säin Alter Ego, deen de Realisateur mat enger gewësser Autoderisioun als en éischter patheteschen an dephaséierte Personnage beschreift. Anescht wéi säi Personnage awer, gleeft de Woody Allen jo  wuel kaum, dass no de 70er an 80er Joren, keng gutt Filmer méi gedréint goufen. Matt Nostalgie, awer dreemen se allebéid vun  fréiere grousse Filmklassiker. Esou entstinn schwaarz /wäiss Rekonstitutioune vun emblemateschen Zeenen aus Filmer vun Truffaut, Bunuel oder Bergmann. Als Cinephille ass et e Pleséier dës Zeenen ze identifizéieren, déi am Kontext vun de jeeweilege Reflexiounen vum Haaptpersonnage  opdauchen.

Iwwer dëse flotte Moment verzeit een dem Woody Allen, dass e fir seng Personnagen kee méi konsistente Plot geschriwwen huet.