Nom exzellenten Independent-Film “A Ghost Story” an dem gelongene Remake vum “Pete’s Dragon” mellt den US-amerikanesche Realisateur David Lowery sech mat engem epesche Märchen zeréck, dat vum Kinnek Arthur senger Legend inspiréiert ass. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch fir.

De Gawain well onbedéngt e renomméierte Ritter ginn. Hie soll seng Geleeënheet och kréien, fir säi Courage ze beweisen, wann e mysteriéise grénge Ritter hien zu engem Duell erausfuerdert. De Gawain schléit dem Ritter ouni Géigewier kuerzerhand de Kapp erof, ma dei imposant Kreatur steet nees op, hëlt hire Kapp ënnert den Aarm a fuerdert de Gawain op, hien an engem Joer opzesichen, fir datt de grénge Ritter dann seng Revanche kann huelen. D’Zäit vergeet an de jonke Gawain deen en amoralescht Liewe féiert, muss sech op de Wee maachen, fir sengem Schicksal an d’Aen ze kucken.

“The Green Knight” ass e fantastescht Märchen, dat déi grouss Kinosleinwand vun der éischter bis zur leschter Sekonn verzaubert. Dëse magesche Film ass souwuel poetesch, wei actionräich a spektakulär.

Dem Realisateur David Lowery ass eng zäitgenëssesch Seeche gelongen, déi di albekannte Stereotype vun der männlecher Éier, genee wei dem Courage an der Traditioun vun de Ritter a Fro stellt.

De Lowery danzt an dësem Märche konstant wei e Seeldänzer op der Limitt déi d’Realitéit vun der Fantasie trennt, an eng grandios Aarbecht op de Spezial Effekter an der Beliichtung, déi sech entweder am Niwwel opléist oder vun der Däischtert agefaange gëtt, dréit zu enger mysteriéiser an hypnotescher Atmosphär bäi. Mam Schauspiller Dev Patel huet de Lowery dann en eenzegaartegt expressiivt Gesiicht vrun der Kamera, déi op ganz präzis Manéier all Emotioun vum Acteur afänkt. “The Green Knight” ass e fundamentaalt originaalt Wierk a grousse Kino.