Zu Cannes um Film Festival war d'Vicky Krieps an aller Mond a besonnesch omnipresent an der internationaler Kinospress. Dëst besonnesch dank dem Kompetitiounsfilm BERGMAN ISLAND. Hir allerbeschte Roll hat si awer an engem anere Bäitrag zu Cannes, dem Mathieu Amalric sengem SERRE-MOI FORT, deen elo bei eis am Kino leeft.

Et gesäit esou aus, wéi wann "SERRE-MOI FORT" d'Geschicht wier, vun enger Fra, déi enges Daags sech heemlech aus dem Haus schläicht a Mann a Kanner verléisst. Et gesäit awer nëmme just esou aus a ganz schnell verléiert de Film seng chronologesch an erzieleresch Struktur. Wärend de Mann sech doheem ëm Kanner bekëmmert an Clarisse ënnerwee ass, huet een d'Impressioun, d'Koppel géif par Telepathie matenee kommunizéieren. Ëmmer méi kommen Zweiwelen op, wat d'Realitéit vun dëser Trennung ubelaangt. An engem ganz fragmentéierte Montage, fonctionéiert de Film elo mat Associatioun vun Iddien, wéi e Puzzle am Kapp vum Clarisse, wou sech Géigewaart an Erënnerungen, Realitéit a Fiktioun vermëschen. Iergendwéi spiert een, dass sech hannendrun e schrecklecht Drama verstoppt.

De Film rout gréisstendeels op de Schëllere vum Vickie Krieps. Hire Personnage ass och bedeitend méi komplex, wéi deen am vill mediatiséierten "BERGMAN ISLAND", oder am rezenten "OLD" , a war och schauspilleresch wuel eng méi grouss Erausfuerderung. Zanter hirem internationalen Duerchbroch am "PHANTOM THREAD" viru 4 Joer, ass des Roll a "SERRE-MOI FORT" bestëmmt dem Vicky Krieps seng Beschte Leeschtung.  An eleng dowéinst soll een dem Mathieu Amalric säin anerwäerts éischter exigente Film kucke goen.