Mat "Tout s'est bien passé" adaptéiert de François Ozon den autobiographesche Roman vun der Emanuele Bernheim.

No sengem sëlwere Bier zu Berlin am Joer 2019 fir "Grâce à dieu", iwwert d'sexuell Abusen an der Kierch, hëlt de franséische Realisateur François Ozon sech mat "Tout s'est bien passé", senger 5. Selektioun a Competitioun um Festival vu Cannes, engem weidere brisanten Thema un: der Euthanasie. Den Joy Hoffmann mam Film vun der Woch, dee vun e Mëttwoch un an de Kinoen ze gesinn ass.

Mat "Tout s'est bien passé" adaptéiert de François Ozon den autobiographesche Roman vun der Emanuele Bernheim. E räichen Industriellen (gespillt vum André Dussolier), deen duerch en AVC physesch diminuéiert ass, pousséiert eng vu sengen Duechteren, säin Doud an der Schwäiz ze organiséieren, well d'Euthanasie a Frankräich streng verbueden ass.

Den Ozon steet wuel op der Säit vum Papp, deen d'Recht op e fräit Stierwe verlaangt. Am Zentrum vum Film steet awer weder eng ethesch nach militant Diskussioun ronderëm d'Euthanasie. Et geet méi iwwert déi patriarchalesch Dominanz vun engem egozentresche Papp iwwert seng Famill. Den Drock op seng Duechter, seng Euthanasie ze organiséieren, ass déi leschten Etapp vun enger Serie vun Humiliatiounen, déi e sengem Entourage am Laf vu sengem Liewen infligéiert huet.

Aus Léift versicht d'Duechter trotzdeem alles ze maachen, fir ze hëllefen, hien eventuell ëmzestëmmen, administrativ alles ze reegelen. Mat dem provokativen an dacks onberechenbarem Behuele vum Papp, schaaft den Ozon ëmmer eng gewëssen Distanz, esou dass d'Situatioun ni ze vill emotional gëtt. Éischter zitt hien de Film géint der Schluss, wann d'Police Wand vun der Expeditioun an d'Schwäiz kritt, e bëssen zum Thriller hin. Dat hätt villäicht net onbedéngt misse sinn, mee trotzdeem bleift "Tout s'est bien passé" en immens staarken, gelongenen, an, trotz dem däischteren Sujet, ënnerhalende Film.