De 25. James-Bond-Film sollt u sech den 31. Mäerz 2020 an de Kinoen erauskommen.

Duerch déi sanitär Kris bedéngt gouf d’Sortie vun "No Time To Die" awer 18 Méint no hanne verréckelt. D’Waarden huet awer endlech en Enn, well de längste Bond-Film an der Geschicht vun der erfollegräicher Saga, deen net manner wéi 2 Stonnen an 43 Minutten dauert, leeft zënter dëser Woch an de Kinoen uechter d’Land.

Nodeems alles drop hiweist, datt de Bond vu senger grousser Léift, dem Madeleine Swann, verrode gouf an hie wéi gewinnt op spektakulär Manéier entkënnt, hänkt den 007 seng Pistoul un den Nol. Zanterdeem de fréieren Agent net méi am Déngscht vu senger Majesty ass, léisst hie sech et an Jamaika gutt goen, bis en ale bekannten, de CIA-Agent Felix Leiter, hie siche kënnt, fir der krimineller Organisatioun Spectre endlech d’Handwierk ze leeën. Op senger leschter Missioun stéisst de Bond awer op eng innovativ chemesch Waff, déi an de falschen Hänn Millioune Leit op ee Coup kéint ëmbréngen.

Dem Realisateur Cary Joji Fukunaga säin James Bond ass sécherlech net manner gutt gemaach wéi aner Bond-Filmer – eng ganz Rei Action-Sequenze sinn brillant ëmgesat - ma trotzdeem leit "No Time To Die" ënnert enger ze laanger an immens previsibeler Geschicht, déi vu ganz schwaachen Antagonisten ugefouert gëtt. De sougenannte charakteristeschen a skurrille Béise war ëmmer e Markenzeeche vun de Bond-Filmer. Dem Rami Malek säi Lyutsifer Safin gëtt dëser Reputatioun bei wäitem net gerecht.

"No Time To Die" ass jo bekanntlech dem Acteur Daniel Craig säi leschten James-Bond-Film. De 53 Joer ale brittesche Schauspiller huet der Saga ëm den 007 sécherlech eng nei an erfrëschend Identitéit ginn dei wéit ewech vum glate Macho war. "No Time To Die" dréit zu dësem Renouveau bäi an deem em dem Acteur e wuelverdéngten, spektakulären an emotionale Climax bidd, deen ouni ze vill ze verroden, a gudder Bond Traditioun, mat Ausnam vum Sam Mendes sengem exzellente SKYFALL, absolut a guer net kredibel ass, ma deen d’Legend vum 007 zumindest fir bis zum nächste Bond Film wäert weider mystifizéieren.