De Belsche Realisateur Joachim Lafosse, war mat sengem Film LES INTRANQUILLES dëst Joer um renoméierte Festival vu Cannes an der Kompetitioun selektionéiert. Et ass schonn den 2. Film, deen hien zesumme mat Samsa Film co-produzéiert an och zu Lëtzerbuerg gedréint huet. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

Den Damien ass Moler, seng Fra restauréiert Miwwelen, an hire klenge Bouf schéngt beonrouegt, wann de Papp mat senge klenge Frënn spillt a sech de Batti stellt. E sympathesche, coole Papp, deen allerdéngs iwwerdreift, an a sengen euphoresche Phasen zur enormer Belaaschtung och fir seng Fra gëtt. Den Damien ass nämlech bi-polar oder maniaco depressiv, a besonnesch wann e refuséiert seng Medikamenter ze huelen , ass en onberechenbar. LES INTRANQUILLES ass keng medezinesch Analyse vun dëser Krankheet, keen Psychiater oder Dokter trëtt am Film op. Et geet dem Realisateur Joachim Lafosse, dee selwer ënnert engem bipolare Papp ze leiden hat, vill méi drëm ze weisen, wat fir eng Konsequenz esou eng Krankheet op d'Liewen an d'Intimitéit vun enger Koppel huet. Wann am Ufank vum Film de Papp mat senger Hyperaktivitéit am Virdergrond steet, esou konzentréiert de Film sech no a no ëmmer méi op d'Leïla, déi mat vill Léift an Energie de ganze Laascht op hire Schëlleren dréit, an och de Bouf  rassuréiere muss, deen ëmmer méi Angscht vum Papp a sengen Excès kritt, a sech vis à vis vu senge Kolleege schummt.

De Joachim Lafosse ass mat senger Kamera ëmmer no bei senge Personnagen, déi excellent gespillt si vum Leïla Bekhti, dem Damien Bonnart an deem klenge Gabriel Merz-Chammah, dem Enkel vun der Isabelle Huppert. Esou entsteet e ganz staarken an intime Portrait iwwert eng Koppel, déi verzweiwelt versicht, trotz der Krankheet, hir Léift ze retten.