2008 hat den éisträichesche Realisateur Stefan Ruzowitzkiy mat "Die Fälscher" den Oscar fir de beschten auslännesche Film kritt.

Säi neiste Film. "Hinterland", eng Koproduktioun mat der Lëtzebuerger Firma Amour fou, war um Festival vu Locarno , mat enger Projektioun op der Piazza Grande, och ee vun de meescht beuechte Filmer, a krut och de Publikumspräis. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.
De Peter Perg kënnt 2 Joer nom Enn vum 1. Weltkrich, an no e puer Joer an engem russesche Gefaangenelager mat e puer desorientéierten an traumatiséierte Komeroden op Wien zeréck, wou alles changéiert ass: aus dem Keeserräich ass eng Republik ginn, den Jazz huet de Walzer ersat a keen interesséiert sech fir dës verkraachten Existenzen, déi an Aarmenhaiser ënnerdaach kommen. De Perg kritt net nëmme virgeheit, hien hätt seng Famill verlooss, fir fräiwëlleg fir de Keeser an de Krich ze zéien, hie geréit och nach ënner Verdacht, wéi e besonnesch brutale Seriemäerder sech ënner aneren u senge fréiere Krichskomerode vergräift. De Perg, dee fréier en erfollegräiche Policekommissär war, kritt dann d'Erlabnis ze enquêtéieren, zesumme mat enger jonker Geriichtsmedezinerin, deen eenzegen éierbaren an equilibréierte Personnage am Film. Si ass d'Stëmm vun der Vernonft an enger Welt, déi hir Orientéierung an hir Wäerter verluer huet.

Déi remarkabel an aussergewéinlech Bildgestaltung vum Film spigelt dann och dëse Verfall vun enger ganzer Gesellschaft erëm. Déi verzerrten a bedréckend Dekoren, déi sech um däitschen expressionistesche Kino inspiréieren, sinn integral digital geschaaft ginn an de Film ass och gréisstendeels am Studio gedréint. Dësen Aspekt mécht de Film zu engem aussergewéinlechen Wierk, och wann anersäits d'Juegd op de Seriemäerder éischter méi  konventionell ausgefall ass. "Hinterland" bleift trotzdeem e spannenden a visuell markante Film.