D’Chloé Zhao huet dëst Joer fir hire Film “Nomadland” den Oscar vun der beschter Realisatrice a vum beschte Film gewonnen. Mat The Eternals, enger Marvel-Comicbuch-Verfilmung, huet déi chineesesch Realisatrice bei hirem éischte groussen Hollywood-Blockbuster Regie gefouert. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Zënter 7000 Joer beschützen 10 ausserierdesch Superhelde mam Numm The Eternals,  d’Äerd virum Mënsch sengem gréisste Feind, de sougenannten Deviants. Trotz hire verschiddenen iwwernatierleche Fäegkeeten an affinéierte Kampftechniken, wei zum Beispill der Manipulatioun vum mënschleche Geescht, duerfe si awer soss a keen anere Konflikt agräifen a mussen all déi Joerdausende nokucken, wéi ons Zivilisatioun sech ëmmer nees selwer zerstéiert, ma duerch eng Rei technologesch Revolutiounen awer konstant méi grouss gëtt. Nodeems d’Avengers dem Thanos d’Handwierk geluecht hunn, dauchen  Deviants awer aus dem Schied op an d’Eternals sinn nees gefuerdert. Ma hir Missioun ass awer net onbedéngt déi, déi si sech erwaart hunn.

Bei dësem Marvel-Blockbuster huet d’Oscargewënnerin Chloé Zhao Regie gefouert. Déi chineesesch Realisatrice, déi u sech aus dem Beräich vum amerikaneschen independent Film kënnt, an deemno éischter intim, engagéiert a ganz naturalistesch Filmer gemaach huet, réit sech hei an e mëttlerweil albekannten an dach sterilt Schema vun de Marvel-Superhelden-Filmer an.

Doriwwer eraus geléngt dem Chloé Zhao awer eppes, wat an den anere Marvel-Filmer net wierklech de Fall war. Si zielt wuel eng Geschicht vu Gutt géint Béis, geet awer ëmmer e Schrëtt méi wéit, andeems si eng ganz Rei un interessanten Themen opwerft, wéi zum Beispill d’Hannerfroe vun der Autoritéit, d’Amëschen an d’Evolutioun vu friemen Zivilisatiounen oder nach d’Schietsäite vum Fortschrëtt. Et ass sécherlech vu sengem Inhalt hir dee spannendste Marvelfilm. Wann déi méi humoristesch Momenter net wierklech gelonge sinn, sou sinn d’Action-Sequenzen awer och extrem spektakulär an ëmsou méi ergräifend, well d'Chloe Zhao et fäerdegbréngt, sengen 10 Protagonisten alleguerten eng Perséinlechkeet, an ee fir de Genre dach ganz ongewinnten Déifgang ze ginn.