De Nanni Moretti ass ee vun de beléiftsten, a mat sengen 8 Selektiounen a Competitioun zu Cannes, erfollegräichsten italienesche Realisateuren. Héichpunkt vu senger Carrière war dann och wuel d'Palme d'Or 2001 fir "LA CHAMBRE DU FILS"(La stanza del figlio). Säin neiste Film TRE PIANI, huet fir d'éischte Kéier, säit laangem, manner iwwerzeegend Kriticke krut. De Joy Hoffmann mam Film vun der Woch.

TRE PIANI erzielt 3 Geschichte vu 4 Familljen, déi zesummen an engem réimeschen Appartementsblock liewen. De Film fänkt u mat engem Accident, an deem de jonken alkoholiséierten Andrea, eng jonk Fra iwwerrennt. Säi Papp, e strenge Riichter, besteet drop, dass e soll seng gerecht Strof am Prisong ofsetzen. D'Mamm dogéint, versicht de Bouf ze verdeedegen, deen ëmmer ënnert sengem onerbittleche Papp gelidden huet.

Um Rez-de-chaussée wunnt d'Famill vum Lucio a vis-à-vis  eng eeler Koppel. De Lucio setzt sech an de Kapp, deen eelere Här, deen heiansdo e bëssen duercherneen ass, hätt säi Kand sexuell agresséiert. Wärend dëst zu enger destruktiver irrationaler Obsessioun gëtt, ass de Lucio sech awer selwer net ze schued, fir sech un der mannerjäreger Enkelin vum Noper ze vergräifen.

A schliisslech fillt sech dat e bëssen naiivt a schwangert Monica, eleng gelooss vun hirem Mann. Et fäert an d'Depressioun ze falen, a geréit dann och nach matzen an de Streit tëschent hirem Mann an deem sengem Brudder.

An deenen zwou éischte Geschichten sti bornéiert Familljepäpp am Zentrum, mä och an där drëtter, méi schwaacher Geschicht, sinn d'Männer net manner destruktiv. Och wann di héich melodramatesch Geschichten net mateneen interagéieren, esou verbënnt se dach dat iwwergräifend  Thema vu verbrueter, toxescher Männlechkeet.

TRE PIANI ass e ganz däischtere Film, vun engem verbatterten Nanni Moretti, deen net vir näischt selwer de gefillslose Riichter interpretéiert. Esou vermësst een och di Mënschlechkeet aus sengem virechte Film "Mia Madre" , genau esou wéi säi charakteristeschen, bëssegen Humor. Trotzdeem dierft säi wuel e bëssen demonstrative, awer gesellschaftskritesche Message hänke bleiwen.