Ee vun den neie Filmer, déi dës Woch an eise Kinossäll ulafen, huet éischter d'Format vun enger Serie a sechs Episoden.

Et geet ëm en Dokumentär iwwer e Stater Quartier: de Lampertsbierg. Geschriwwen a realiséiert gouf e vun engem Lampertsbierger, dee sech mat Filmer gutt auskennt, wann och éischter an der Roll vum Kritiker: de Joy Hoffmann. D'Christiane Kremer huet sech “De Lampertsbierg” ugekuckt.

Mat engem ganz perséinleche Bléck fänkt jiddereent vun de 6 Kapitelen un. Et begéint een dem Realisateur als Bouf an et begleet een en op sengem Wee duerch d’Schoule bis bei de Bau vum Kino Utopia oder beim Patt op enger Terrass haut. Sou kënnt ee sech als Spectateur féiere loossen duerch 150 Joer Geschicht, déi net nëmmen déi vum Quartier eleng ass.

An de sechs Kapitele gëtt een da méi sachlech a faktesch a verschidden Theemen agefouert. No engem éischten Deel, deen déif an d’Geschicht gruewe geet, vun den Iwwerreschter vun der Festung bis d’Erëmentdecke vun der éischter Glaciskapell, gëtt dono awer och an der sensibeler Zäit ronderëm den Zweete Weltkrich gewullt mat de Geschichte vu méi oder manner bekannte Leit, déi ënnert dem Naziregimm gelidden hunn oder mat him collaboréiert hunn.

En anert delikat Kapitel ass d’Geschicht vum Kannerland - dem Weesenhaus um Lampertsbierg – och hei leet de Realisateur de Fanger an net geheelte Wonnen.

De Lampertsbierg ass awer vrun allem de Portrait vun engem Stater Quartier, deen eng enorm Entwécklung gemaach huet, fir et mat engem Beispill ze soen: vum alen Tramsschapp bis bei de modernen Tram.

Staark Momenter begéint een natierlech bei de Aussoe vu méi oder manner bekannte Lampertsbierger, déi iwwer hir Erfarungen an Erliefnesser erzielen.

De Lampertsbierg ass awer och de Quartier vun Ënnerhalung a Kultur, vun Divertissement an Erhuelung, vu Parken, Gäert, Rousen awer och vu Foiren, Bistroen, Diskoen, Theateren a Kinoen an der Schueberfouer.

Heiansdo géif ee sech als Spectateur vläicht e bëssi Relache wënschen, e puer Momenter ootmen duerfen, d'Biller eleng schwätzen a wierke loossen an dat verschaffen, wann een do alles gewuer ginn ass. An heiansdo hätt ee sech gär vum Joy perséinlech nach méi mathuele gelooss a säi Quartier a bei déi Leit, mat deenen hie sech ënnerhalen huet. Dat als Kritikpunkt um Enn, mä dat muss de Joy dann aushale kënnen.