De Film "Bergman Island" vun der franséischer Realisatrice war dëst Joer am Concours vum Festival vu Cannes ee vun de beléiftste Filmer bei der Kritik. Och well e sech mam Thema vun der Kinokonscht befaasst huet. Dobäi war awer och d'Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps, mat hirer Haaptroll am Film, am Zentrum vum Interessi vun der internationaler Press.

Eng Koppel vu Cineaste kënnt op d'Insel Farö, wou de grousse schweedesche Realisateur Ingmar Bergman 40 Joer laang gelieft huet an och e puer vu senge Meeschterwierker gedréint huet. Den Tony, gespillt vum Tim Roth, ass schonn e confirméierte Realisateur, wärend d'Chris, interpretéiert vum Vicky Krieps, nach hire Wee als jonk Scénaristin sicht. Hinnen allebéid soll dës Insel, déi vum Geescht vum Bergman duerchdrongen ass, hëllefen, déi néideg Inspiratioun ze fannen, woubäi d'Chris sech bedeitend méi Froe stellt wéi hire Partner. Dat iwwert hire eege Roll als Artistin, an de Prozess vun der kënschtlerescher Kreatioun.

De Geescht vum Bergman ass dann och éischter e Konzept, deen de Spectateur censéiert ass anzefänken, wann d'Chris duerch déi schéin Insel-Landschafte spadséiert. Ganz direkt erfaassbar ass de Bergman allerdéngs, an engem éischter lëschtegen Deel am Ufank vum Film, wann de Bergman Tourismus, an enger sougenannter Bergman Safari op d'Schëpp geholl gëtt.

Konkret, an alles wéi net konzeptuell, gëtt et dann och, wa mir bis bemol an e ganz anere Film erakommen, deen nämlech, deen d'Chris amgaangen ass ze schreiwen. An déi Geschicht vun enger Realisatrice, gespillt vun der Mia Wasikovska, déi op d'Insel kënnt, do e fréieren Amant erëmbegéint, an net weess, wéi se soll mat deem ëmgoen, ass alles anescht wéi wierklech interessant, och wa se vläicht autobiographesch ass.

Bergman Island ass um Enn en hybriden, intellektuelle Film, ouni vill Gefiller oder dramaturgesch Tensiounen, dee bei der internationaler Kritik awer bedeitend besser ukomm ass, wéi bei eis. D'Vicky Krieps allerdéngs war an aller Mond an dëse Film huet hir sécherlech e weidere Schubs an hirer schonn elo brillanter Schauspiller Karriär ginn.