27 Filmer huet de Ridley Scott bis ewell realiséiert. Dorënner sinn eng ganz Rëtsch Kultfilmer wéi "Bladerunner", "Alien" oder nach "Thelma & Louise".

Mat "House of Gucci" interesséiert de brittesche Realisateur sech fir d’Kulisse vun der Welt vun der Moud.

1973 bestit d'Patrizia Reggiani de Maurizio Gucci, ee vun den Ierwe vun der grousser italienesche Moudenentreprise Gucci. De Film erzielt d'Libesgeschicht an dann och d'Trennung vun der Koppel bis zum Mord um Maurizio, dee seng Ex-Fra 1995 an Optrag gëtt.

Wann ee sech fir d'Geschicht vun der Gucci-Famill interesséiert, schéi gefilmte Biller aus der Welt vun der  Moud an de Räiche gär huet, a wann een och vill Gedold opbrénge kann, da kann engem House of Gucci gefalen. Fir de Rescht huet de Realisateur awer all Méiglechkeet, fir e wierklech gudde Film ze maachen, verpasst. "House of Gucci" hätt kënnen eng tragesch, wann och manner violent "Godfather"-änlech Familljesaga ginn, mat engem Al Pacino, deen ee vun de Gucci-Bridder deementspriechend spillt. D'Patrizia Gucci hätt och kënnen als Femme fatale charakteriséiert ginn, déi de Kampf géint eng toxesch Männerwelt ophëlt.

Am beschten hätt de Scott awer villäicht eng Komedie aus där Geschicht gemaach, an déi trasheg, kitscheg Säit vun der Geschicht ervirgestrach, mat lächerlechen, agebilten an incapabele Männer, enger wéineg kultivéierter Patricia Gucci an hirer Wahrsagerin, an dann dem dilettantesch organiséierte Mord. D'Musekshitten aus den 80er Jore vun David Bowie, Blondie oder Eurythmics aus dem Film hätten och zu esou enger Ausriichtung gepasst. Esou ass de Film awer ni richteg fokusséiert oder stilistesch kloer definéiert, an et kënnt och keng richteg Spannung op. Mam Versuch biographesch méiglechst komplett ze sinn, verléiert de Film sech och ëmmer erëm an Niewesächlechkeeten, wéi dat spéit Opdauche vum Tom Ford als neien Designer a Retter vun der Gucci-Mark an den 1990er Joren. Eng verpasste Chance. Bleift awer déi aussergewéinlech staark Presenz vun der Lady Gaga, déi de Film ëmmer erëm um Liewe hält.