All neie Film vum spuenesche Realisateur Pedro Almodovar ass ëmmer en Evenement an der Kinoswelt, an esou huet och säin neistent Wierk "Madres Paralelas" d'Ouverture vum Festival vu Venedeg gemaach, an dem Penelope Cruz och de wuel verdéngten Interpretatiounspräis abruecht.

A MADRES PARALELAS kräize sech an enger Maternitéit d'Geschichte vun zwou Fraen, déi quasi zur gläicher Zäit hir, eigentlech ongewollte, Kanner op d'Welt setzen. Déi mi eeler Janis, assuméiert schliisslech voll hir Roll als Mamm, och ouni Mann, wärend di ganz jonk Ana sech der Situatioun net gewuess fillt. D'Janis ass awer eng Stäip fir dat jonk Meedchen, a wann se sech spéider allebéid erëmtreffen, gett se esuguer zu eng Art Ersatzmamm;  dat féiert no an no zu enger ganz staarker Bindung tëschent deenen zwou Mamme...bis dann d'Schicksal gläich zweemol zouschléit.

De Pedro Almodovar encadréiert dës perséinlech, individuell Geschicht, mat der kollektiver, grousser Geschicht ronderëm Vergaangenheetsbewältigung par Rapport zum faschistesche Franco Regime.

Béid Deeler verbënnt d'Notioun vun der intergenerationneller Solidaritéit,  an d'Wëssen, dass kee  Liewen a keng Zukunft kann op Geheimnisser , Ligen oder Ongerechtegkeet opgebaut ginn. Wann dee mi kuerzen historeschen Deel och e bëssen opgesaat wierkt, esou bleift awer di zentral Geschicht e remarkabelt Melodram am nobelste Sënn vum Wuert, mat zwee ganz staarken an touchante Frae Personnage, wi kaum een se, am haitege Kino, besser duerstelle kann wéi de Pedro Almodovar.