E Samschdeg huet de Filmregisseur Steven Spielberg seng 75 Joer gefeiert.

No Filmer wéi "Schindler's List", "Jurassic Park" oder de méi rezenten historeschen Drama "The Post" huet de Spielberg elo säin éischte Musical verfilmt. "West Side Story" ass e Remake vum Klassiker vum Robert Wise aus dem Joer 1961 an erzielt eng Geschicht, déi zäitlos ass.