THE MATRIX RESURRECTIONS ass an allen Hisiichten e fundamental originellen an zäitgenësseschen Actionfilm, dee frësche Wand an déi mëttlerweil fad Welt vun den Hollywood Blockbuster bléist.

Den Thomas ass en erfollegräiche Videospilldesigner, dee vu sengem Business Partner gezwonge gëtt, e 4. Deel vun enger revolutionärer Trilogie ze entwéckelen. Den eenzegaartege Spillentwéckler ass zënter engem Selbstmordversuch an Therapie, well hien ëmmer nees de Bezuch zur Realitéit verléiert, ma eng blo Pëll, déi hien all Dag hëlt, erlaabt him et, den Alldag iwwert sech agoen ze loossen a keng Visioune méi ze hunn, bis e mysteriéise Mann aus enger anerer Welt him d'Wiel léisst, eng rout Pëll am Plaz vun enger bloer ze huelen, an domat den Thomas, besser bekannt ënnert dem Numm Neo, nees aus der artifizieller Welt vun der Matrix ze befreien. Fréi vun alle mentalen a physesche Ketten, well den Neo seng grouss Léift Trinity och aus der Matrix retten, an ass dofir prett, seng eegen Existenz op d'Spill ze setzen.
THE MATRIX RESURRECTIONS ass an allen Hisiichten e fundamental originellen an zäitgenësseschen Actionfilm, dee frësche Wand an déi mëttlerweil fad Welt vun den Hollywood Blockbuster bléist. Dës passionant Mëschung aus engem Action- an engem existenzielle Libesfilm, ass glécklecherweis kee préformatéierte Comicheldfilm aus dem Marvel Haus.

En éischten Deel an deem d'Ironie an de schwaarzen Humor Tromp sinn, ass eng frontal Kritik um aktuellen Hollywood-System an deem ëmmer déi selwecht Filmer wéi um Fliissband gemaach ginn, éier dësen dach intime Blockbuster, deen ëmmer nees d'Fro vum Mënsch senger Plaz an onser Scheinwelt opwerft, zu engem reegelrechten Science-Fiction-Epos gëtt, wou d'Haaptpersonnage genee wéi d'Realisatrice zu enger fundamentaler Revolutioun opruffen.