The Tragedy of Macbeth ass eent vum William Shakespeare senge bekanntste Wierker an Theaterstécker. An enger neier Adaptatioun vun dësem Klassiker aus dem 17. Joerhonnert spillen déi oscar-priméiert Acteuren Denzel Washington a Frances McDormand an den Haaptrollen.

Wann de Macbeth zesumme mat sengem treie Kumpan Banquo vun enger Hex gesot kritt, datt hien de nächste Kinnek vu Schottland wäert ginn, schléit säi Schicksal en düstere Wee an. Blutt wäert vergoss ginn an de Macbeth wäert ënnert dem Impuls vu senger Fra alles dru setzen, fir datt d’Ausso vun dësem düsteren Orakel zur Realitéit gëtt.

Dem William Shakespeare säi Macbeth gëtt ënnert der Regie vum Joel Coen zu engem immersiven Erliefnes. Grandios Schauspiller, ugefouert vum Denzel Washington, Frances McDormand an dem Brandon Gleeson, zéien de Spectateur an hire Bann, genee wéi eng elegant an epuréiert Schwaarz-wäiss-Ästhetik an eng hypnotesch Musek vum Carter Burwell.

Den Joel Coen, deen iwwert Jore mat sengem Brudder Ethan eng Rei Filmklassiker wéi "Fargo" oder "O Brother, Where Art Thou?" realiséiert huet, signéiert hei eleng e spannenden, imposanten an atmosphäreschen Neo-Noir-Film, deen dem Shakespeare säi Wierk op brillant Manéier um groussen Ecran operstoe léisst.