Déi franséisch Krichs- an Investigatiounsreporterin Florence Aubenas huet 2009 "under cover" mat de Botzfrae vun den Äermelkanal-Ferries zesummegeschafft, fir iwwert hir schwéier a prekär Aarbechtskonditiounen ze temoignéieren.

D'Florence Aubenas huet iwwer 20 Joer fir d'Zeitung "Liberation" geschafft huet a war och 5 Méint als Geisel am Irak sequestréiert. Hiert Buch, "Les quais d'Ouistreham", gouf elo vum bekannte franséische Schrëftsteller Emmanuel Carrère verfilmt.

Am Film "Ouistreham" schleist sech d'Schrëftstellerin Marianne Winckler, gespillt vun der Juliette Binoche, ënner enger falscher Identitéit an eng Botzfirma an, déi nuets op de Ferries schafft. Zesumme mat de Botzekippen, déi all ouni Ausnam, vu Laien-Duersteller excellent gespillt ginn, erlieft si déi schwiereg Aarbechtskonditiounen: infernalesch Kadenzen, schlecht Pai, keng Consideratioun a just temporär Kontrakter. De Film weist d'Prekaritéit vun der sougenannter "France d'en bas", schounungslos, awer ouni Miserabilismus, insistéiert awer zugläich, villäicht e bëssen ze vill, op d'Resilienz, d'Solidaritéit an d'Frëndschaft, déi hëllefen duerch den haarden Alldag ze kommen.

Anescht wéi am Buch, beschäftegt de Film sech awer och mat de moraleschen an deontologesche Bedenke vun der Schrëftstellerin, där hir Relatioun mat de Frae jo op enger Lige berout an déi hir Frëndschaft ausnotzt, och wann et fir de gudden Zweck ass an net ouni eng manifest Sincéritéit. Trotzdeem, de Klassenënnerscheed tëschent der Paräisser Intellektueller an de prekariséierte Botzfrae bleift oniwwerbréckbar.