Am internationale Spionage-Thriller "The 355" stécht e renomméierten Ensembel vu Schauspillerinnen ervir, ugefouert vun der Hollywood Actrice Jessica Chastain.

Op der Juegd no enger technologescher Waff, déi all System uechter d’Welt infiltréieren a kontrolléiere kann, verléiert d’Agentin Mason Browne hire Partner an eenzege Frënd am Liewen. Fir d’Mace gëtt des Missioun deemno ëmsou méi perséinlech. All eenzele Geheimdéngscht wëll dës Waff natierlech fir sech gewannen, ma fir ze verhënneren, datt se an déi falsch Hänn geréit, mussen eng Handvoll Agentinnen aus de véier Ecke vun der Welt ophale sech géigesäiteg wëllen ze liquidéieren an ufänken zesummenzeschaffen.

Action Filmer aus der James Bond Saga oder Mission Impossible Serie liewen, wéi den Numm vum Genre et seet, vun hiren Action Sequenzen. Wat dës méi spektakulär sinn, wat de Film méi erausstécht. Dat ass bei dësem Versuch, eng nei sougenannte Spioune Franchise ze grënnen, net wierklech de Fall. Déi sëllegen Actionsequenze si weder esou immersiv wéi dat an den Jason Bourne Filmer de Fall ass, nach esou spektakulär wéi a verschiddene Bond Voleten. Nieft enger typescher, iwwerspëtzter Intrig, an där ee kengem iwwert de Wee traue kann, ass et schlussendlech de Casting, deen hei op der ganzer Linn iwwerzeegt. Déi verschidde staark Protagonistinnen droen dësen dach soss relative onoriginelle Film an et sinn d’Schauspillerinnen ëm d’Jessica Chastain, Penélope Cruz an Diane Kruger, déi hei androcksvoll ënner Beweis stellen, datt den nächsten James Bond, Ethan Hunt oder Jason Bourne net onbedéngt dem iwwerliefte Cliché vum perfekte Macho muss entspriechen.