Nom risege Boxoffice Succès vum Kenneth Branagh sengem "Murder on the orient Express" vu viru 5 Joer, hunn den englesche Realisateur a seng Produzente mat "Death on the Nile" e weideren Agatha Christie Roman verfilmt.

Op engem Croisièresschëff um Nil feieren d'Linnet Ridgeway, eng räich Ierwin, an hire Mann Simon Doyle zesumme mat hire Gäscht hir Hochzäit. An dës Gesellschaft platzt d'Jacqueline de Bellefort eran, dat rosen ass op d'Linnet, well dat hir de Simon ausgespaant huet. A well d'Linnet souwisou kengem traut, ass och zur Sécherheet den Detektiv Hercule Poirot - gespillt vum Kenneth Branagh selwer - mtt um Schëff.

Méi sief net verroden, fir all déi, déi d'Buch vum Agatha Christie oder déi lescht Kino-Adaptatioun vun "Death on the Nile aus dem Joer 1978 mam Peter Ustinov an der Roll vum legendären Detektiv net kennen. Spannung, Rebondissementer an esouguer "Action" stinn hei um Programm, eppes, wat am Kenneth Branagh senger rezenter, zimmlech fader an theatralescher Adaptatioun vum "Mord im Orient Express" gefeelt hat.

Hien huet versicht, seng Expeditioun um Nil visuell méi attraktiv, an och méi spektakulär ze gestalten. Och par rapport zum Roman gëtt den Hercule Poirot méi mënschlech duergestallt, et gëtt ee méi iwwert hie gewuer. Eng Rei Personnagë sinn och un déi haiteg gesellschaftlech Evolutiounen ugepasst. Si ginn natierlech all, wéi gewinnt, vum Hercule Poirot, een nom aneren duerchliicht, bis zum Schluss de Mäerder entlarvt gëtt. "Death on the Nile" ass kee filmescht Meeschterwierk, mee wien dës typesch Agatha-Christie-Formule gären huet, dee wäert sech och bei dëser neier Kino-Adaptatioun gutt ameséieren.