An enger neier Adaptatioun vum Patrice Leconte , "MAIGRET" interpretéiert elo de Gérard Dépardieu des legendär Figur.

Wann de Kommissär Maigret vum Georges Simenon och omnipresent op der franséischer Tëlee war, esou läit awer déi lescht Adaptatioun vun engem Maigret Roman fir de Kino bal 60 Joer zeréck. Deemools hat de Jean Gabin an "Maigret voit rouge" d'Haaptroll gespillt.

E jonkt Meedchen an engem eleganten Oweskleed gëtt an de 50er Joren zu Paräis ermuert a seng Identitéit bleift e Geheimnis. De Kommissär Maigret versicht erauszefannen, wien dat Meedche war a wat him passéiert ass. Dobäi stéisst hien op d'Betty, en anert Meedchen aus der Provënz, dat och versicht, sech en neit Liewen zu Paräis opzebauen, an dat dem Affer a Munchem änelt.

Soe mer et direkt: De Realisateur interesséiert sech eigentlech manner fir d'Intrig an d'Spannung, wéi fir de Personnage vum Maigret. (Mir begéinen hien um Ufank vum Film beim Dokter.) Hien ass schlecht drop, quasi depressiv huet keng Loscht méi op gutt Iessen, an elo muss hien och nach ophale seng Päif ze raachen. Hie schleeft sech duerch e Paräis, dat esou däischter ass wéi säi Gemitt, a wann hie sech un éischter Stell fir d'Identitéit vum Affer interesséiert, an dem jonke Betty mat vill Empathie entgéint kënnt, dann ass dat, well déi zwee Meedercher däischter Erënnerungen aus senger Vergaangenheet ervirruffen. De Schëllegen ze fannen, ass do éischter zweetrangeg.

MAIGRET ass en excellenten atmosphäresche Film, e gelongene psychologesche Portrait vun engem empathesche Policekommissäre um Enn vum Rullo, deen op meeschterhaft Manéier vum Gérard Depardieu inkarnéiert gëtt.