ICARE ass dem Lëtzebuerger Realisateur Carlo Vogele a säin éischten Animatiouns-Long-Métrage..

E flitt ze héich a verbrennt sech um Enn d'Flilleken un der gliddeger Sonn, sou erzielt d'griichesch Mythologie d'Geschicht vum Ikarus a léisst eis bis haut d'Bild vun engem, deen ze ambitiéis war. Mee wie war den Ikarus, wéi war seng Kannerzäit a wat huet en alles erlieft doheem op Kreta? Op déi Froen huet de Lëtzebuerger Realisateur Carlo Vogele a sengem éischten Animatiouns-Long-Métrage Äntwerte gesicht.

Dee klengen Ikarus lieft op der Insel Kreta zesumme mat sengem Papp, dem berüümten Erfinder Dädalus. Den Ikarus ass wuel faszinéiert vun allem, wat säi Papp esou kreéiert, mee wéi all klenge Bouf ass en awer och virwëtzeg seng Ëmwelt z'entdecken. An enger Hiel beim Palast vu Knossos begéint en dobäi engem anere Jong, deen anescht wéi hien, hallef Mënsch an hallef Stéier ass, e Minotaurus, deen Asthérion vu senger Mamm, der Kinnigin, genannt gouf.

Déi zwee gi séier Frënn, mee den Ikarus muss materliewen, wéi de Kinnek Minos hie schlecht behandelt.  De Minos gëtt dem Dädalus den Optrag e Labyrinth ze bauen, wou den Minotaurus soll agespaart hinn. Den Ikarus probéiert sengem Frënd ze hëllefen, besonnesch well och de Prënz Theseus soll op d'Insel komme fir den Asthérion ëmzebréngen.

"Ikarus" ass den éischte Long-Métrage vum Carlo Vogele, deen no senge Studien a sengen éischte Kuerzfilmer, 8 Joer laang an Amerika fir Pixar geschafft huet, ënner anerem un der Toy Story 3.

Elo wollt hien awer säin eegene Wee goen an huet sech eng Geschicht aus der griichescher Mythologie gesicht. Mee dem Carlo Vogele seng Iddi war et, dat z'erzielen, wat net gewosst ass an him och Fräiheeten iwwerléisst.

"Ikarus" inspiréiert sech a sengen Dekore staark un den Original-Plazen op Kreta, d'Animatioune vun den Hannergrënn sinn am 2D, d'Geschicht an d'Figuren am 3D. De Storyboard huet de Carlo Vogele mam Isabelle Andrivet geschriwwen, Zeechnungen si ganz pastellfaarweg mat kantege Figuren vum Zeechner Edouard Cour.

Eng deels ganz poetesch Geschicht, déi vill vun der Musek lieft, do passen déi klassesch Vivaldi-Téin gutt nieft d'Kreatioun vum Andre Dziezuk.

De Film adresséiert sech u Kanner vun 8 Joer un, en etlech Zeenen weisen op d'Dramatik an d'Tragik vun der Geschicht ronderëm den Ikarus hin. Mee et ass awer och e Playdoyer géint Viruerteeler vis-à-vis vum Aneschtsinn.