De Film vun der Woch kënnt dës Woch aus dem Bhutan, engem Land, vun deem een net vill weess, ausser, datt seng Leit anscheinend déi glécklechst op der Welt sinn.

De bhutanesche Kino ass och éischter onbekannt. Dat huet sech dëst Joer geännert, well an der Lëscht vun den Oscar-Nominatiounen fir de beschten auslännesche Film war och "Lunana - A Yak in the classroom" aus dem Bhutan.

14/05/2022 Film "Lunana - A Yak in the classroom"

De jonken Ugyen ass Schoulmeeschter, hie muss nach säi lescht Stagejoer absolvéieren, ier en endlech kann a wëll dat maachen, vun deem en dreemt: als Sänger an Australien auszewanderen. En ass dann och alles anescht wéi motivéiert, wéi e gesot kritt, e misst fir dat neit Schouljoer an dat klengt Duerf Lunana goen, dat op iwwer 4000 Meter leit a wou eng 50 Mënsche liewen an eng Dose Kanner drop waarden, datt endlech d'Schoul nees ugeet. Mat de Kopfhörer op den Oueren an dem Handy am Grapp mécht e sech op d'Rees, fir d'éischt mam Bus an dono gëtt et 6 Deeg laang zu Fouss duerch de Bulli de Bierg erop a Begleedung vun zwee Guiden an zwee Ieselen. Am Agank vum Duerf gëtt hie vun der ganzer Populatioun ëmfaangen. Hie kritt seng Wunneng gewisen, d'Schoul a gesäit séier, datt et hei um Elementaarste feelt. Keng Tafel, geschweigs Bicher an emol kee Pabeier fir d'Schüler. Stroum gëtt et, wann d'Sonn schéngt, alles ass op Solarenergie ausgeriicht. A wann et kal ass, mécht een d'Feier mat der Mëscht vun de Yaken un.

Fir den Ugyen ass kloer, hei wëll hien net bleiwen, mee d'Begeeschterung vun de Kanner fir eppes ze léieren, d'Suerge vun de Mënschen, déi och schonn de Klimawandel spieren an d'Stëmm vun enger jonker Yak-Hirdin ännere seng Vue, mee d'Visoun vun Australien bleift.

De Bhutan ass dat Land, dat net op d'Bruttosozialprodukt setzt, mee op d'Bruttosozialgléck- dat ass och de Slogan um T-Shirt vum Ugyen, dee fir eng jonk Generatioun steet, déi och dervun dreemt en anert Liewen, wéi dat am glécklechen Agrar-Staat ze féieren.

Datt d'Gléck am Liewen vläicht net esou wäit ewech ass, wéi ee mengt, ass sécher ee Message vum Film, deen den Pawo Choyning Dorji realiséiert huet. Déi touchant Geschicht, an där nieft e puer professionellen Acteuren, wéi dem Haaptacteur Sherab Dorji, vrun allem d'Mënschen aus dem Duerf Lunana hir eege Roll spillen, beréiert een direkt. Besonnesch d'Kanner a vrun allem dat klengt Pem Zam sinn esou authentesch, datt ee sech direkt an der Ambiance vum Film erëmfënnt. Et ass e Film mat Witz, mat Gefill, awer och mat de grousse Froe vum Ament. A mat engem Saz vun engem Schüler, deen esou vill Hoffnung huet: "Ech wëll Schoulmeeschter ginn, well da beréieren ech d'Zukunft."

A well een um Ufank net esou genee weess, op wat ee sech bei dësem bhutanesche Film aléisst, geet een herno zefridden eraus. E bëssi eppes vum Gléck hänkt awer drun, wann och ganz realistesch.