D'Dardenne-Bridder weisen de schwéiere Wee vun zwee afrikanesche Jugendlechen, déi probéieren, fir an der Belsch unzekommen.

Schonn néngmol waren d'Dardenne-Bridder um Festival vu Cannes a Competitioun selektionéiert a se hunn zwou Gëlle Palme gewonnen. Fir hire neiste Film TORI ET LOKITA ass extra fir si de Prix spécial vum 75. Anniversaire kreéiert ginn. An an hirer Filmographie ass et och en éischter spezielle Film.
Den Tori an d'Lokita, zwee afrikanesch Jugendlecher, probéiere verzweiwelt an der Belsch opgeholl ze ginn. Zwar si se keng Geschwëster, mä si gi sech awer als Brudder a Schwëster aus a fille sech och esou. D'Lokita huet nach ëmmer keng Geneemegung, fir legal ze schaffen. Trotzdeem musse se versichen, u Suen ze kommen, well se d'Passeure mussen zeréckbezuelen, an d'Lokita Geld un d'Famill an Afrika muss schécken.

De Film suivéiert strikt a permanent déi zwee Jugendlech, wéi se a staarker Solidaritéit versichen, sech duerchzeschloen, an an Dignitéit ze iwwerliewen... Dat ënner anerem mat Karaoke an als Drogeliwweranten. A schliisslech muss d'Lokita, fir zu deiere, gefälschte Pabeieren ze kommen, e geféierlechen Deal agoen, deen hat fir Méint vum Tori trennt. D'Lokita ass dat, wat éischter alles erdroe muss, humiliéiert gëtt, wärend den Tori méi an der Aktioun ass, an de Film ëmmer no vir dreift. Esou och, wann hie versicht, trotz alle Geforen, d'Lokita erëmzefannen.

TORI ET LOKITA  ass den Dardennen hire bei wäitem spannendsten an emotionaalste Film. Et ass eng geschéckt an effikass opgebaute Geschicht vu grousser Intensitéit, en Däiwelskrees, an deem sech déi zwee Immigranten ëmmer méi verfänken. Dës méi aktiounsräich Demarche geet fir eng Kéier bei den Dardenne- Bridder e bëssen op d'Käschte vun enger méi nuancéierter sozial-politescher Analyse. Trotzdeem. Muss dat sinn, freet de Spectateur sech revoltéiert, vis-à-vis vun den onmënschlechen Immigratiounsprozeduren, déi keng Gnod och viru Kanner a Jugendlecher kennen.