Op engem Festival vu Cannes, wou de President Vincent Lindon d'Präisser mat der Géisskan verdeelt huet, krut de schwedesche Realisateur Ruben Östlund no de "The Square" am Joer 2017 elo mat "Triangle of Sadness" eng 2. Gëlle Palm, déi grad esou diskutabel war, wéi de gesamte Palmarès vum Festival. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

De Film "Triangle of Sadness" fänkt u mat engem männleche Model Casting a weist eng Welt, wou just de Schäin an d'Iwwerflächlechkeet priméiert. Eng Iwwerflächlechkeet, déi de Realisateur uprangert, awer iwwert déi hie selwer a sengem Film ni erauskënnt.

Et geet weider mat engem eelelaange Sträitgespréich tëschent enger Koppel vu Moude-Influenzer, wou et ëm Genderrollen an d'Orientéierungslosegkeet vun de Männer geet, éier dann d'Koppel op enger Luxusyacht mat Superräiche lant, dorënner en zynesche kommunisteschen Oligarch an e besoffenen amerikanesche marxistesche Kapitän. Fir d'Obscenitéit vum Räichtum an de Muechtverhältnisser ze kritiséieren, léisst de Ruben Östlund déi ganz Gesellschaft wuertwiertlech d'"Schäissbaach" erofgoen.

Dat ass wuel total iwwerspaant, grotesk an absurd witzeg, a léist Schadenfreude opkommen, ... awer och näischt méi. Grad esou wéineg subtil an och deels schwéierfälleg ass de leschten Deel vum Film, wou, nom Ënnergang vun der Yacht, déi philippinnesch Botzfra, déi eenzeg ass, déi sech ze debrouilléiere weess, de Pouvoir op der Insel iwwerhëlt, d'Muechtverhältnisser ëmdréint an dobäi net besser ass, wéi all déi aner.

Um Spectateur ze decidéieren, ob e sech bei dësem zyneschen, pessimistesche Weltbild trotzdeem ameséiere wëll.