Am Film Boiling Point gëtt de brittesche Realisateur Philip Barantini en eenzegaartege Bléck an d'Kulisse vun engem brittesche Stärerestaurant op engem Owend, wou sou Munches schif geet. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

"Magic Friday" ass de Freideg viru Chrëschtdag an deen Owend, wou déi meeschte Clienten an e renomméierte Gourmet-Restaurant vu London iesse kommen. An der Kiche vum Stärechef Andy Jones geet et héich hier. Den Andy ass mat perséinleche Problemer geplot an huet d’Organisatioun vu sengem Restaurant nawell vernoléissegt. Zu allem Iwwerfloss steet eng onerwaarte Hygièneskontroll vun der Kichen op deem Owend um Programm. Derbäi kënnt, datt en aneren hannerhältege Starchef, deem den Andy 200.000 Pënner schëlleg ass, mat enger renomméierter Restaurantskritikerin iesse kënnt.

BOILING POINT ass vum britteschen Acteur a Regisseur Philip Barantini realiséiert, dee selwer laang an de Kiche vu Restaurante geschafft huet. Ëmsou méi authentesch wierkt dann och de ganze Fonctionnement vun dësem Restaurant, an déi verschidde staark Personnagen, déi an dëser Welt mam stännegen Drock mussen ëmgoe kënnen. Mat engem gewote stilistesche Parti Pris wëll de Barantini dës erdréckend Atmosphär zeréckspigelen. De Film ass nämlech an enger eenzeger 90 Minutte laanger a mobile Kameraastellung gefilmt ginn. Dëse plan séquence bréngt mat sech, datt mer un de Personnage wärend dem ganze Film pechen, an datt domat d'Gefill vun Authentizitéit erhéicht soll ginn. Dëst funktionéiert awer net iwwert déi ganz Durée a bréngt deen een oder anere Rhythmusproblem mat sech, dovun ofgesinn, datt a verschiddenen Zeenen den Ënnerscheed an der Intensitéit vun den Acteuren däitlech spierbar ass. Am Film senge schwächste Momenter sinn mer deemno méi no bei schlecht gespillte Rekonstitutiounen, déi nawell theatralesch sinn, ma a senge stäerkste Momenter fillt BOILING POINT sech un, wéi e matrappenden Dokumentar, wou d’Realitéit vun der Kichen um groussen Ecran oplieft.