Mat sengem remarkabele Film "Girl" iwwert eng transgender Dänzerin, huet de jonke belsche Realisateur Lukas Dhont viru 4 Joer d'Kamera d'0r um Film Festival vu Cannes krut fir de beschten 1. Film.

Mat sengem zweete Film "Close" gouf et esouguer de Grand Prix du Jury zu Cannes an dësen intimen Drama geet fir d'Belsch an d'Course vun den Oscaren.
Zwee 13 Joer al Jugendlecher erliewen en herrleche Summer, idyllesche Naturlandschaften a genéissen eng a priori onschëlleg Frëndschaft mat der Komplexitéit vun hire Mammen. Mat vill Sensibilitéit an Taktgefill, quasi ouni Wierder, beschreift de Realisateur des verspillten an zäertlech Relatioun. Bei der Schoulrentrée kommen awer méi oder manner virwëtzeg, provokativ oder béiswëlleg Bemierkungen op, déi des Intimitéit tëschent den zwee Bouwen hannerfroen.

Total destabiliséiert, dass een doranner eppes Sexuelles kéint gesinn, hëlt ee vun de Bouwe Distanz zu sengem Frënd an adoptéiert no a no geziilt déi traditionell Codë vun der Virilitéit. Vun do u changéiert den Toun an deelweis och d'Thema vum Film. Fir déi eng dierft de Film dann ze repetitiv, ze demonstrativ a melodramatesch ginn; déi aner wäerte sech vun der Tragik an der staarker Emotionalitéit vum Film matrappe loossen, wat wuel och dem Jury vu Cannes dëst Joer passéiert ass.