"Les Amandiers" ass zënter 2003 an hirem Debut hannert der Kamera mam Film "Il est plus facile pour un chameau" der Schauspillerin Valeria Bruni Tedeschi hire 7. Kinofilm, bei deem si Regie féiert. Dëse nostalgeschen an intimen Drama ass direkt vun der Realisatrice - a Schwëster vum Carla Bruni - hiren éischte Schrëtt op der Theaterbün inspiréiert. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Matten an den 80er Jore zu Paräis, versichen d’Stella, den Etienne an d’Adèle an di renomméiert Schauspillschoul mam Numm "Les Amandiers" eranzekommen. Zesummen erliewen dës zukünfteg Schauspiller hier éischt grouss Erfolleger an Tragedien. "Les Amandiers" ass en intime Portrait vun enger ganzer Generatioun, enger Band vu jonke, fräien a sécherlech privilegiéierte Mënschen, déi sech op der Sich no der rauer Wouerecht an der Schauspillerei maachen a sech dobäi an hir ganz perséinlech a blank Emotiounen stierzen a munchmol verléieren. Inspiréiert vun der Realisatrice Valéria Bruni Tedesci hirem Liewen an hirer Experienz an de Reie vun enger Schauspillschoul zu Nanterre, déi vum verstuerwene Regisseur Patrice Chéreau geleet gouf, ass "Les Amandiers" awer wäit méi, wéi en Drama iwwert d’Kulissen vun der Schauspillerei.

Léift, Drogen, Aids, genee wei Disparitéit vun der Klassegesellschaft stinn am Mëttelpunkt vun dësem nostalgeschen Hommage un de mysteriéise, spannenden a komplexe Beruff vun der Schauspillerei. Deemno ass et och ëmsou méi beréierend, datt all d’Acteuren an Actricen ëm d’Nadia Tereszkiewicz hei en emotionale Seeldanz ouni Sécherheetsnetz vollbréngen, an hire Personnagen eng nostalgesch, immens ergräifend an universell Dimensioun ginn.